Invité vun der Redaktioun (26. Mee) - Clara MoraruIndependante kotiséiere méi, sinn awer manner geschützt

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie waren d'Suerge vun den Independantë Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Clara Moraru
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Presidentin vun der Unioun vun den Independante fuerdert e bessere Schutz fir Independanten. D'Clara Moraru war en Dënscheg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet erkläert, datt vill Leit eng falsch Virstellung vun Independanten hätten. Et géif sech net nëmmen ëm "déck Patronen" handelen, mee och ëm Iwwersetzer, Handwierker, Sport-Coachen, Dänzer, Informatiker, Dokteren oder souguer Baueren. Zu Lëtzebuerg géife ronn 30.000 Leit als Independant schaffen, dovun zwee Drëttel ouni Mataarbechter.

Independant ginn, well ee kee Choix hat

Independant ginn, wier och net ëmmer e Choix, erkläert d'Clara Moraru. Een Drëttel vun den neie Betriber géingen aus "Necessitéit" entstoen, well déi Leit um traditionelle Marché keng Chance kréien, zum Beispill, well hiren Diplom net unerkannt gëtt, si mat engem Handicap liewen oder net genuch vun den offizielle Sprooche schwätzen.

77 Deeg ouni Paie, wann ee krank gëtt

D'Unioun vun den Independante kritiséiert, dass si héich sozial Cotisatioune bezuelen: Éischtens fir d'Salariés-Säit, zweetens fir d'Patrons-Säit, awer vill manner geschützt si wéi béid. Besonnesch problematesch wier, wann een Independant krank gëtt. Si mussen da 77 Deeg waarden, éier si vum Staat eng Indemnitéit kréien an dobäi musse si déi 77 Deeg awer weiderhi kotiséieren, obwuel si kee Revenue generéieren. A Frankräich wieren et nëmmen dräi Deeg, an der Belsch aacht Deeg. An Däitschland wieren et 43 Deeg.

60 Prozent vun den Independanten, déi 2024 Chômage gefrot haten, krute keen

Och beim Chômage géifen et grouss Problemer fir Independanten, kritiséiert d'Clara Moraru. Iwwer 60 Prozent vun den Demanden op Chômage-Indemnitéite vu Selbstännege wieren 2024 refuséiert ginn. Dat heescht, d'Sécherheetsnetz géing genee da räissen, wann den Independant se am meeschte brauch. Dat géif och virun allem déi Beruffer treffen, déi duerch Kënschtlech Intelligenz an Automatisatioun ënner Drock geroden.

Och steierlech Ongläich-Behandlung

D'Clara Moraru kritiséiert och, datt Independanten dacks vu staatleche Aiden ausgeschloss sinn. Beispiller wieren Hëllefe fir de Logements oder aner Aide fir Salariéen. Obwuel si déi selwecht Steiere bezuelen, hätte si net déi selwecht Rechter.

All dës Ursaache kéinten eventuell de Grond sinn, firwat de Grand-Duché dëse Februar am "General Entrepreneurship Monitor" (Dat ass eng Etüd, déi ënnersicht, wéi gutt d'Konditioune fir d'Entreprenariat an engem Land sinn), esou schlecht ofschneit. 10 vun 13 Indicateure fir d'Entreprenariat-Ëmfeld wieren als "net genuch" bewäert ginn an och d'Konditiounen, fir sech selbststänneg ze maachen, wiere vill méi schlecht ginn. Beim Accès op de Marché läit Lëtzebuerg souguer op der leschter Plaz vun 53 analyséierte Länner.

Fuerderunge vun der Unioun vun den Independanten

D'Presidentin vun der Unioun vun den Independanten huet erkläert, datt et Reunioune mam Cabinet vum Premier ginn hätt. Si begréisst, datt de Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun en Aktiounsplang fir Independanten ugekënnegt huet. D'Regierung misst elo relativ séier legislativ Mesurë presentéieren. Konkret soll endlech d'Karenzzäit am Fall vun enger Krankheet vu 77 op 8 Deeg reduzéiert ginn. Donieft misst ee wärend där Zäit e Revenu garantéiert kréien, ouni zousätzlech eng privat Assurance mussen ofzeschléissen, well schliisslech géing ee jo dofir souwisou schonn kotiséieren. Ganz wichteg wier och, e Mechanismus en Place ze setzen, am Fall vun enger Force majeure, wéi zum Beispill wärend der leschter Pandemie. Lëtzebuerg wier dat eenzegt Land gewiescht, wou Independanten keen Salaire de remplacement kruten.

D'Chambre de Commerce an d'Chambre des Métiers haten dat och schonn 2021 gefuerdert. Och d'Europäesch Unioun hat schonn 2023 recommandéiert, fir Independanten e bessere Sozialschutz an e bessere Accès zum Chômage ze garantéieren.

Zum Schluss huet d'Clara Moraru och nach betount, datt ëmmer méi Entreprisë mat Freelancer schaffen. Independanten hätten de Wëllen ze schaffen, Steieren ze bezuelen a bäizedroen – si missten awer och besser ofgeséchert ginn, wann et Problemer gëtt.

En Dënschdeg de Moie war d'Presidentin vun der Unioun vun den Independanten Clara Moraru eis Invitée vun der Redaktioun

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO