Ausbildung vun Educatricen an EducateurenClaude Meisch stellt zweeten Standuert am Süde vum Land an Aussiicht

RTL Lëtzebuerg
Och de Personalschlëssel an de Betreiungsstrukture fir kleng Kanner soll verbessert ginn.

En zweete Standuert fir d’Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen am Süde vum Land an e verbesserte Personalschlëssel an der Betreiung vun de klenge Kanner, dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg an der Chamber ugekënnegt. Do gouf iwwert eng ëffentlech Petitioun diskutéiert, déi verlaangt, datt de Personalschlëssel an de Crèchen a Maison-relaisen eropgesat gëtt, also datt d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinne manner Puppelcher oder Kanner op de Kapp musse versuergen.

Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch sot an der Chamber:

Mir wëllen als Regierung a Richtung vun enger Verbesserung vum Personalschlëssel ganz geziilt, ganz cibléiert am Klengkandberäich.”

Sou wier dat am Koalitiounsaccord festgehalen.

Den aktuelle Personalschlëssel gouf zanter 2013 net méi ugepasst a gesäit vir, datt eng Persoun maximal sechs Kanner ënner zwee Joer däerf versuergen, maximal aacht Kanner am Alter tëscht zwee a véier Joer, respektiv eelef Kanner vu méi wéi véier Joer.

Dat geet net méi duer, fënnt d’Auteure vun der Petitioun Jil Nilles, a proposéiert:

Eng Méiglechkeet, fir en ugepasste Personalschlëssel ass: Eng Persoun däerf dräi Kanner ënner zwee Joer betreien, fënnef Kanner tëscht zwee a véier Joer a siwe Kanner vu véier Joer un.”

D’Petitionäre fuerderen och méi besser qualifizéiert Personal, wéi de Moment gesetzlech virgesinn ass. Ma do besteet eng Penurie an dofir bedauert den Yves Kails d’Situatioun an de Strukturen:

“Egal wien et ass, egal wat se kënnen, egal wéi eng Qualifikatiounen oder Kompetenze se hunn, wann et nëmme geet, huele mer se eran, well et ass méi wichteg, datt een do ass, fir datt ee sech un de Personalschlëssel kann halen, wéi datt elo déi néideg Qualifikatiounen onbedéngt do sinn.”

Och do géif u Solutioune geschafft, esou de Claude Meisch. Deemno wéilt een e Standuert fir d’Educateursausbildung am Süde vum Land opmaachen. “Well mer awer d’Gefill hunn, datt deen een oder aneren net an déi Formatioun geet, dee sech staark dofir géif interesséieren, well et ebe just op enger Plaz am Land, nämlech zu Miersch ugebueden gëtt an net onbedéngt wëll all Dag op Miersch an zeréckfueren. Also brauche mer e Standuert südlech vun der Stad.”

Parallel soll awer och de Lycée fir d’Educatiounsberuffer, den LTEPS, zu Miersch ausgebaut ginn, esou de Claude Meisch.

Back to Top
CIM LOGO