
Aner Elementer vun der Reform gi separat op den Instanzewee. Dat huet de Regierungsrot decidéiert, well d’Ännerungen um Calcul vum maximale Loyer, deen ee ka froen, op hefteg Kritik gestouss waren.
Déi nei CSV-DP Regierung wëll awer weider dorunner schaffen:
“D’Regierung gëtt sech déi néideg Zäit, fir eng detailléiert Analys ze maachen”, heescht et an engem Communiqué vum Logementsminister Claude Meisch. Zil wier nach ëmmer, en Equiliber ze fannen tëscht de Besoine vun de Locatairen a vun de Proprietären. An enger “Démarche vu Konsens” géing “esou séier ewéi méiglech” eng nei Propos fir d’Reform vum Loyersdeckel gemaach ginn. Am RTL-Interview sot de Claude Meisch hie wéillt “a Rou” mat all de Concernéierten no engem Konsens sichen. Säi Virgänger den Henri Kox hätt villäicht “e bëssë séier” tranchéiert. Aktuell wier een an enger Baukris. Enn dës Joers kéint sech d’Situatioun verbesseren, hofft de Meisch.
Wichteg ass ze notéieren, datt den aktuelle Loyersdeckel - seng aktuell Dispositiounen an entspriechend Jurisprudenzen - a Kraaft bleiwen. De Claude Meisch huet hei agesinn, datt déi zu Problemer an der Praxis kéinte féieren, genee esou wéi de Loyersdeckel, esou wéi e sollt reforméiert ginn. Op d’Fro ob Besëtzer, déi eng oder méi Wunnenge verlounen, op deene se de Prêt scho laang ofbezuelt hunn, och ëmmer méi Rendement vun hire Loyere solle kënne froen, dorobber huet de Claude Meisch just geäntwert, datt et vill verschidde Situatioune gëtt. Et misst een all den Aspekter Rechnung droen. Mee wéi gesot “a Rou”.
Wichteg ass och ze notéieren, datt déi aner Ännerungen um Loyersgesetz, déi déi lescht Regierung wëlles hat, elo schonn op den Instanzewee kommen. Dat sinn:
D’CSV-DP-Regierung huet iwwregens eng weider Dispositioun, déi di lescht Regierung geplangt huet nees geännert an zwar déi iwwert “d’Tiers annuel": wann e Loyer am Laf vun der Locatioun an d’Luucht geet – wann e Geriicht oder eng kommunal Loyerskommissioun dat och dem Proprietär accordéiert – da kann déi Hausse net iwwer 10 % leien an et mussen zwee Joer tëscht zwou Hausse leien.
D’CSV-DP-Regierung huet iwwregens eng weider Dispositioun, déi déi lescht Regierung geplangt huet, nees geännert an zwar déi iwwert de Remplacement vun der Reegel Tiers annuels duerch eng Limite biennale de hausse des loyers de 10%: wann e Loyer am Laf vun der Locatioun an d’Luucht geet, da kann déi Hausse net iwwer 10% leien. Wann de Loyer awer méi wéi 10% an d’Luucht geet, da kann de Locataire schrëftlech (per LR) beim Bailleur reklaméieren an no dëser Reklamatioun ass beim Bezuele vum nächste Loyer den Deel vun der Hausse, deen iwwer 10% erausgeet, net méi ze bezuelen.”
Firwat gouf d’Reform vu riets a lénks kritiséiert?
Déi lescht Regierung (DP-LSAP-Gréng) an de fréiere Logementsminister Henri Kox wollten den aktuelle Plaffong vu 5 % vum investéierte Kapital op 3,5 % - respektiv op 3 % bei Wunnenge vun niddreger Energieklass - erofsetzen. Donieft sollten d’Koeffizienter, déi an de Calcul mat afléissen nei definéiert ginn. Heizou e puer Beispiller, déi mer berechent haten.
D’Proposë goufe vun Investisseure kritiséiert, well et net méi rentabel wier, an de Bau vu Wunnengen z’investéieren. Ëmsou méi nodeems d’Zënsen geklomme sinn. De Projet gouf awer och vun de Vertrieder vun de Locataire kritiséiert. Dat well déi nei Koeffizienter sollten an d’Luucht goen, a Proprietäre vun eelere Wunnenge méi Loyer hätte kënne froen ewéi elo.
Esouguer d’LSAP, déi an der leschter Regierung Koalitiounspartner vun déi Gréng war, hat de Projet vum Henri Kox kritiséiert. Hien huet sech selwer géint d’Virwërf gewiert, sech awer oppe fir Diskussiounen erkläert an eenzel Feeler zouginn.
Déi Lénk kritiséieren, datt d’Regierung d’Loyersbrems net reforméiert