Et géif nach ëmmer eng riseg demografesch Croissance hei am Land ginn, vun där mer och ofhängeg wieren, fir eise Sozialsystem um Lafen ze halen.

D’Ventë sinn den Ament quasi um Nullpunkt ukomm. De ganze Logementsmarché ass blockéiert. Dat sot de Marc Giorgetti hei op RTL. De Patron vun der gréisster Baufirma hei am Land a President vum Groupement des entrepreneurs huet gewarnt: Wann den Investisseur net do ass, da gëtt net gebaut. De Marc Giorgetti rechent domadder, datt déi nächst Jore just nach 2.000 Wunnenge pro Joer gebaut ginn. Aktuell wier ee bei 3.500 a 4.000 bis 5.000 wieren der gebraucht. Souguer d’Investisseuren aus dem Ausland – "d’Jupiler-League", ewéi se am Secteur genannt ginn, sou Marc Giorgetti, kommen net méi hei an d’Land akafen. Et gëtt manner investéiert, well d’Zënsen an d’Luucht gaange sinn a ginn. Dem Marc Giorgetti no awer och, well den Investisseur an allen Hisiichten "verbattert" géing ginn. D'Limitéierung vum Amortissement acceleré – eng Steierdeduktioun beim Invest an d’Lokatioun an déi geplangte Reform vum Loyersgesetz, mat där de maximale Loyer reduzéiert géing ginn, missten a sengen Ae réckgängeg gemaach ginn. Déi Iddie wiere scho virun der Kris an d’Weeër geleet ginn, mee haut hätt d’Situatioun geännert, sou de Marc Giorgetti.

Den Entrepreneur huet dowéinst awer Mol begréisst, datt de Logementsminister Henri Kox bereet wier, beim Enregistrement ze maachen. Net just de bëllegen Akt an d’Luucht ze setzen. Virun allem, datt de Keefer den Enregistrement just um Terrain bezilt an net op déi ganz Konstruktioun. Well do wier rëm de Client penaliséiert.

Datt de Staat bereet ass, privat Projeten opzekafen an allgemeng Wëlles huet, méi abordabel Wunnengen ze bauen, domadder huet de Marc Giorgetti kee Problem. Hien huet och drop higewisen, datt de Staat am Besëtz ass vun Terrainen, wou kéinten zwou Millioune Meter-Carré drop gebaut ginn. Déi missten esou séier wéi méiglech fräigemaach an eben och bebaut ginn. Ass méi bauen iwwerhaapt méiglech? Den Entrepreneur gëtt zou, datt et e Manktem un Aarbechtskraaft gëtt. Mee hien ass zouversiichtlech: "natierlech packt de Marché dat", esou de Marc Giorgetti.

Invité vun der Redaktioun: Marc Giorgetti

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.