
Aus engem provisoresche Bilan geet ervir, dass bis Dezember zejoert 48.301 Assuréeë vun dëser Offer profitéiert hunn. Dëst entsprécht Käschte vun ongeféier 4,3 Milliounen Euro.
Eng 5.000 Fraen a Männer hu sech zejoert fir eng Verhütungsmethod mat enger medezinescher Interventioun decidéiert. D’Fraisen dofir belafe sech bei der CNS op bal 1 Millioun Euro. De gréissten Deel vun dësem Montant mécht d’Asetze vun der Spiral aus. Dës Interventioun betrëfft nämlech wäit iwwer d’Hallschent vun allen Agrëffer. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.
Déi grouss Majoritéit huet sech zejoert awer fir Verhütungsmëttel decidéiert, déi een an der Apdikt ze kafe kritt. Dëst ware ronn 46.500 Leit an huet d’CNS 3,3 Milliounen Euro kascht.
Weider gouf d’Fro gestallt, ob och Kondomer an Zukunft solle gratis ginn. Hei gouf op d’Äntwert op eng rezent parlamentaresch Fro vun Déi Gréng verwisen. Am Koalitiounsaccord wier virgesinn, dass ee wéilt préiwen, ob eng méi breet Verdeelung vu Kondomer géing Sënn maachen.