Et soll méi flexibel sinn a besser adaptéiert fir Jonk an aktiv Persounen. E Concernéierten, dee sech viru kuerzem zu Zéisseng installéiert huet, huet scho Erfarung mam Co-Living gemaach. Den Italieener Davide Odelli huet schonn esou an Dänemark gewunnt.
“Wéi ech op Lëtzebuerg sollt kommen, hunn ech och driwwer nogeduecht. Haaptsächlech fir Persoune kënnen ze léieren, déi an der selwechter Situatioun si wéi ech an eng Wunneng deele wëllen an d’Land zesumme genéissen.”
Et ginn Entreprisen, déi sech op dëse Marché spezialiséiert hunn, eng dovunner baut zanter 2015 de Co-Living zu Lëtzebuerg aus. Si bekëmmere sech ëm iwwert 500 Zëmmere ronderëm d’Stad. E Konzept, dat Proprietären ëmmer méi interesséiert. Et ass och vu Virdeel fir d’Locatairen, well d’Zëmmeren zu engem gudde Präis verlount ginn an d’Konditioune relativ flexibel sinn. Genau esou wéi d’Proprietäre muss de Locataire sech net mat den Alldagsproblemer erëmschloen.
Co-living, den Numm seet et schonn: Et muss ee sech de Logement mat anere Persounen deelen. Wann een zu puer ënnert demselwechten Daach wunnt, muss een awer och Kompromësser agoen, erkläert den Davide :
“Du deels dir een Haus mat anere Leit, do kanns de net maachen, wat s du wëlls. Du muss no deene kucken, déi mat dir wunnen. Du muss zum Beispill oppassen, net ze vill Kaméidi ze maachen oder dir bewosst sinn, dass du d’Kichen oder d’Wäschmaschinnen deels. Mee mat en bëssen Organisatioun klappt dat Ganzt.
De Co-Living wiisst ëmmer weider. D’Entreprise schätzt, dass aktuell iwwert 20.000 Persounen zu Lëtzebuerg esou wunnen.
Och eis Kolleege vun RTL Infos hunn zu dësem Sujet en Artikel publizéiert, dëse fannt Dir hei.