GesondheetswiesenCommissaire aux Hôpitaux – d’Ulafstell fir Reklamatioune vum Patient

Monique Kater
Schaffen d’Spideeler esou, wéi dat am Plan hospitalier virgesinn ass?
Commissaire aux Hôptaux – d’Ulafstell fir Reklamatioune vum Patient
D’Spideeler schaffe vill a gären mat Akut-Better. Doranner läit een net ganz laang, mat engem neie Knéi-Gelenk zum Beispill gëtt ee séier heem geschéckt...

Wat geschitt um Terrain mat den ëffentleche Gelder, déi de Secteur fir d’Infrastruktur, respektiv d’Equipementer krut? A wou kënnen d’Ressourcen eventuell besser agesat ginn?

Commissaire aux Hôpitaux - Reportage vum Monique Kater

Op dës Froe gëtt de Commissaire aux hôpitaux eng Äntwert, dat mécht en am Optrag vum Gesondheetsministère. De Jean-Paul Freichel kuckt awer och no den Intressie vun de Patienten am Allgemengen, déi stéingen nämlech un éischter Plaz.

D’Spideeler schaffe vill a gären mat Akut-Better. Doranner läit een net ganz laang, mat engem neie Knéi-Gelenk zum Beispill gëtt ee séier heem geschéckt. Wann ee physesch domadder eens gëtt wuelverstanen, wann net, ginn et fir eeler Leit e puer wéineg Alternativen. Dëst wéi gesot als Beispill. Klappt do aus der Siicht vum Patient eppes net, kann dee sech beim Commissaire beschwéieren. Well alles wier am Intressi vum Patient, d’Prise en Charge misst optimal sinn.

Bei Reklamatiounen soll ee sech un de Service “Plaintes” bei hinne wenden. Natierlech misst d’Argumentatioun mat Informatiounen iwwer d’Prise en Charge ergänzt ginn, seet de Commissaire aux hôpitaux, dee sech dann un d’Spidol respektiv un de Collège médical adresséiert.

Gëtt ee sech net eens, kann de Mediateur de la santé et nach probéieren, sou de Jean-Paul Freichel, deen zënter 2021 op dësem Posten ass an dat fir 7 Joer.

Zeréck bei eist Knéie-Beispill: Den CHL schéckt seng Patienten, déi net heem kënnen, op Stengefort an d’Spidol, déi vum Kierchbierg ginn op Esch an d’Sainte Marie. Dat “ronnt Spidol”, wéi et fréier genannt gouf, geet dëst Joer nach a Pensioun a soll, dem Spidolsplang vun Dezember 2023 no, duerch Infrastrukturen an der Stad ersat ginn.

De Plan hospitalier géing zousätzlech Better an der Geriatrie virgesinn, erkläert de Jean-Paul Freichel. Soubal d’Clinique St. Marie zu Esch zoumécht, sollen d’Patienten an d’Zitha Klinik verluecht ginn, dono an d’Mammenhaus op de Kierchbierg. Dat Spidol kréich en Tuerm vun 18 Stäck gebaut, nieft den aktuelle Gebailechkeeten.

Gutt Aussiichten also emol fir d’Geriatriespatienten oder déi déi Laangzäit-Better brauchen... Oder ? Et wier een am Kontext vun der demografescher Entwécklung bis 2040 amgaangen ze plange an no Alternativen ze sichen, wéi d’Leit doheem kënne versuergt ginn a sech dobäi awer och sécher kënne fillen.

D’nächst Joer ginn d’Conclusioune virgestallt. Déi an d’Realitéit ëmsetzen dauert allerdéngs méi wéi e Joer.

De Kontakt vum Commissaire aux hôpitaux!
Den Depliant vum Mediateur!

Back to Top
CIM LOGO