
D’Consommatioun ass zanterhier awer net geklommen. Dat geet aus enger Evaluatioun ervir, déi ënner anerem vun der Santé gemaach gouf. Bei enger Ëmfro hunn nämlech zwee Drëttel vun de Leit, déi schonn eng Kéier Cannabis benotzt hunn, uginn, datt hir Consommatioun kaum an d’Luucht geet, nëmme well dës elo zum Deel legal ass. Allgemeng hunn awer méi wéi 45 Prozent vun de Residenten tëscht 18 a 64 Joer schonn eng Kéier Cannabis consomméiert. Bal all 8. nach bannent dem leschte Joer.
Déi beléiftste Consommatiounsmethod, mat ronn 90 Prozent, ass den Joint. An deene meeschte Fäll kafen d’Leit de Cannabis selwer, dat a ronn engem Drëttel vun de Fäll bei engem Frënd oder enger Frëndin. Nëmme ronn 5 Prozent vun de Leit ziichten d’Cannabis-Planze selwer. De Som dofir hunn d’Hallschent vun de Leit online bestallt. Nëmmen ee Véierel gëtt an engem sougenannte Growshop hei am Land kaaft.