Schoss gefallCourse-poursuite bis op d'A4, flüchtegen Automobilist festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie géint 7.20 Auer ass en Automobilist an der Stad virun enger Policekontroll geflücht.

An der Suite gouf et eng Course-poursuite, de Won konnt spéiderhin op der A4 op der Héicht vun Esch gestoppt ginn. Dobäi koum et zu enger Kollisioun mat engem Policeauto. Ënnert anerem gouf ee Beamte blesséiert, wéi den Automobilist bei engem weidere Fluchtversuch dem Polizist iwwert de Fouss gefuer ass.

Et konnt een et awer verhënneren, datt de Mann weiderfiert an e konnt immobiliséiert ginn. Beim Accident goufen eng Partie Persoune liicht blesséiert a koumen zur Kontroll an d’Spidol.

De Parquet gouf iwwer de Virfall informéiert. Well de Won éischten Iwwerpréiwungen no geklaut war, gouf en op Uerder vum Parquet saiséiert.

Beim Asaz gouf et donieft och ee Schoss aus enger Déngschtwaff, dowéinst ass och d’Police-Inspektioun (IGP) mat den Ermëttlunge befaasst ginn.

De Mann ass festgeholl ginn a koum virun den Untersuchungsriichter. Fir d’Dauer vun den Ermëttlunge gouf d’A4 tëscht Lankelz a Monkeler a Richtung Süde gespaart.

Back to Top
CIM LOGO