
Den neie Weltmeeschter heescht Spuenien. La Roja ka sech no 2010 den Titel fir déi 2. Kéier sécheren. Obwuel een och schonn an den éischten 90 Minutten iwwerleeë war, konnt den Torres réischt an der 106. Minutt de Ball am Filet ënnerbréngen. Vun Argentinien koum iwwer déi ganz Partie ze wéineg, den éischte richtege Golschoss gouf et réischt an der 120. Minutt an dat an Ënnerzuel. D'Titelverdeedegung sollt dem Messi also net geléngen.
An der éischter Hallschent ass op béide Säiten net vill passéiert. De Yamal hat no 5 Minutten eng Chance, säin ofgefälschte Schoss war awer ze harmlos. Béid Ekippen hu géint de Ball gutt verdeedegt an hunn et hirem Géigner schwéier gemaach, virun de Gol ze kommen. No der hallwer Stonn koum Spuenien besser an d'Partie an hat duerch Oyarzabal (39') a Cucurella (43') zwou weider Geleeënheeten. D'Säite goufe mam 0:0 gewiesselt.
No der Paus huet just nach Spuenien gespillt. La Roja huet sech ganz vill Méiglechkeeten erausgespillt, de Martinez am argentinesche Gol an déi schwaach spuenesch Chancëverwäertung hunn dofir gesuergt, datt et beim 0:0 blouf. An der Nospillzäit vun der 2. Hallschent krut de Fernandez déi giel-rout Kaart gewisen an huet d'Argentinier weider geschwächt.
An der Verlängerung stoung Argentinien just nach hannendran. E Gol vum Williams gouf wéinst engem Feeler vum Merino zréckgeholl. An der 106. Minutt ass de Spuenier den erléisenden 1:0 gelongen. No enger Flank vu riets huet de Williams de Ball mam Kapp zréckgeluecht an de Ferran Torres huet de Ball mat engem Volley an de Gol geschoss. An de leschte Minutte vun der Verlängerung huet Spuenien nach emol mam Feier gespillt. Eng Kéier konnt de Cubarsi klären, kuerz drop huet de Simeone iwwer de Gol geziilt. Et war déi lescht Aktioun a Spuenien ka sech um Enn verdéngt mat 1:0 duerchsetzen.