Op der Futtball-WM hunn negativ Momenter eng relativ gutt sportlech Leeschtung an eng gelongen Organisatioun an de Schiet gestallt. Esou kann een de Bilan vum President vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun Paul Philipp e Méindeg de Moien hei op RTL resuméieren. Hien huet seng Kritik net verstoppt, mee et wier och nach ze fréi fir ze soen, ewéi eng Konsequenze gezu ginn. "Stand elo ënnerstëtze mer näischt", esou de Paul Philipp iwwert d'Wal vun der Presidence vun der FIFA d'nächst Joer. Dat géing awer net bedeiten, datt d'FLF géing "géint" den aktuelle President Gianni Infantino goen - an engem freudesche Lapsus sot hien "Trump". Et géing dovunner ofhänken, ewéi d'WM elo um Niveau vun der FIFA, mee och der europäescher UEFA opgeschafft gëtt a wat d'Zukunftsvisioune wieren.
De Paul Philipp ass bei deem bliwwen, wat e scho virun 2 Wochen hei sot: d’Interventioun vum US President Donald Trump beim FIFA-President Gianni Infantino fir d'rout Kaart an d'Spär vum US-Spiller Balogun z'annuléieren, ass eng Katastroph. Hien ass weiderhi gespaant, wat d'Belsch maachen, déi jo hu misse géint de Balogun untrieden, well "hei geet et awer ëm eppes Fundamentales: et geet ëm d’Onofhängegkeet vu Geriichtsinstanzen".
"Gott sei Dank" huet d'Belsch de Match géint d'USA duerno gewonnen, esou de Paul Philipp, well dat e ganz schlecht Signal gewiescht wier fir de Futtball an d'WM. D'selwecht iwweregens dem FLF-President seng Analys wat d'Finall e Sonndeg ugeet, well d'Argentinier komplett vun de Spuenier dominéiert goufen. Datt argentinesch Spiller, direkt nodeems de Match ofgepaff gouf, u spuenesch Spiller gaange sinn, dat wieren iwwerdeems "katastrophal" Biller, déi Millioune Leit gesinn hunn.
"Wa keng grouss Meritten do sinn, da mécht dat och kee Spaass"
Positiv huet de Paul Philipp d'Richtlinnen un d'Arbittere fonnt, méi kulant ze sinn, fir de Phenomen vu Simulatioun a "Schwalben" probéieren z'ënnerbannen. A sengen Ae wieren et der bei dëser WM manner ginn ewéi bei aneren. Natierlech wier et weiderhi schwéier fir d'Arbitteren, eng "Linn" ze zéien, well hir éischt Aufgab déi wier, d'Spiller ze schützen.
Kritesch ass de Paul Philipp mat Neierunge bei dëser WM: "Hydration Breaks" – Waasserpausen oder Publicitéitspausen, sou den FLF-President -, d'Halbzeit-Show wärend der Finall awer och, datt d'Zuel u Participante vun 32 op 48 eropgesat gouf. Dat wier net just logistesch méi komplizéiert, mee och aus sportlecher Siicht net gutt, well zum Beispill d’Schwäizer Spiller tëscht hirem leschte Gruppematch an hirer 1/16-Finall néng Deeg hu misse pausen. Och déi méi laang Paus wier mat der Gesondheet vun de Spiller gespillt.
Quatsch wier et dem Paul Philipp no och, wann d'Weltmeescherschaft op 64 Ekippe géing erweidert ginn. Och wann dat der Lëtzebuerger Nationalekipp méi Chancë géing ginn, fir eng Kéier dobäi ze sinn? "Wa keng grouss Meritten do sinn, da mécht dat och kee Spaass", esou nach den FLF-President.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.