Chauffer konnt sech duerch d'Bascht maachenCourse-Poursuite wéinst Niwwelluuchten zu Esch

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend ass enger Policepatrull zu Esch an der Rue du Clair Chêne een Auto opgefall, dee seng hënnescht Luuchten unhat.
© RTL-Archiv

D’Beamte wollten de Won doropshi kontrolléieren. Ma dëst huet sech als guer net esou einfach erausgestallt. Amplaz stoen ze bleiwen, ass de Chauffer op de Gas gesprongen, wouropshin d’Beamten d’Verfolgung opgeholl hunn.

Op der Héicht vun der Rue des Maquisards gouf den Auto vun engem anere Won blockéiert. De Chauffer ass doropshin aus dem Auto gesprongen an huet d’Been an de Grapp geholl. Hie konnt sech duerch d’Bascht maachen, d’Beamten hunn hie bei enger Sich net erëmfonnt.

Am Auto souzen awer nach dräi aner Leit, déi d’Police du konnt kontrolléieren. Bei hinne konnt eng kleng Quantitéit un Droge fonnt ginn. Bannen am Auto konnte weider Drogen an Drogenutensilie saiséiert ginn. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet an et gouf ee Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO