Duerch d'Migratioun héich aktuellCrash-Course iwwer d'Weltrelioune fir e bessert Zesummeliewen

Monique Kater
"D’Roll vun de Reliounen an der Gesellschaft" ass d’Thema vun enger Serie vu Konferenzen, déi d’Erwuessebildung iwwer déi nächst Wochen ubitt.
Crash-Course iwwer d'Weltrelioune fir e bessert Zesummeliewen
“D’Roll vun de Reliounen an der Gesellschaft” ass d’Thema vun enger Serie vu Konferenzen, déi d’Erwuessenebildung iwwer déi nächst Wochen ubitt.

Schonn eleng duerch d’Migratioun wieren d’Relioune gesellschaftspolitesch a kulturiwwergräifend relevant – haut villäicht méi, wéi jee, fannen d’Organisateuren a proposéiere Crash-Coursen an de fënnef Weltreliounen. Dat Ganzt natierlech op wëssenschaftlech-theologescher Basis.

Wousst Dir, dass d’Juddentum ni Ambitiounen hat, ze missionéieren? Dass et am Buddhismus kee Gott gëtt, zu deem e ka bieden? All Relioun huet hir Eenzegaartegkeeten. Gleeweg sinn, ok, mee d’Relioune soll ee mat Verstand kucken a préiwen, soen d’Theologen a bezéien dat op hir Presenz an der Gesellschaft.

D’Danielle Schmidt, Theologin, hält d’Crash-Course vun annerhallwer Stonn an ass der Meenung, dass e Basis-Wëssen iwwer d’Relioune wichteg ass. Dat, wat engem friem ass, verstoen - dat géing zur Bildung dozou gehéieren, a wat no der Trennung vu Kierch a Staat an de Schoule geléiert géif, kéint een als Erwuessene bei hinnen opfrëschen.

Mam Juddentum geet et lass, dono d’Chrëschtentum, fir mam Hinduismus an als leschte Rendez-vous Enn Februar, dem Buddhismus opzehalen. Den Islam gëtt ugangs nächste Mount ënnert d’Lupp geholl, mat engem “ongudde” Gefill vun der Conferencière. Fundamentalisten hate wärend der leschter Konferenz iwwer den Islam hir wëssenschaftlech Analys net gutt opgeholl.

Et sinn ëmmer Mënschen, op deenen hir Texter d’Relioune sech baséieren, dat soll een net vergiessen. An och net, dass et an all Relioun Weisheete gëtt, déi sech gläichen. Dass ee seng Spiritualitéit och ouni Dogmatismus ka liewen.

Och wann d’Reliounen déi westlech Welt net méi esou wéi fréier beaflossen, soll een e Basis-Wëssen driwwer hunn, ouni sech komplett eraknéien ze missen, sou d’Theologien a Conferencière Danielle Schmidt.

D’Konferenze solle weisen, dass Relioun méi ass, wéi Ritualer an hir Sprooch, déi net méi an eis Zäit passen. Deen éischte Rendez-vous ass e Méindeg um 19.30 Auer an der Erwuessenebildung an der Avenue Marie Thérèse an der Stad.

Déi 5 Weltreliounen

Back to Top
CIM LOGO