
Vum 8. Juni u sinn och déi lescht zwee vun am Ganzen 4 Centre de soins avancés, déi wärend der Pandemie opgemaach hunn, zou.
D’Däichhal zu Ettelbréck an de Centre Culturel vu Gréiwemaacher si schonn zanter enger Woch zou.
Vun e Méindeg u bleiwen dann och d’Diere vun der Rockhal zu Esch an der Luxexpo an der Stad fir potentiell Covid-19 Patienten zou. Déi kënne sech elo bei hire Generaliste mellen oder bei enger Urgence an d’Spidol goen.
An deene 4 CSAe si ronn 9.100 Leit passéiert an et goufen iwwer 17.500 Tester op Covid-19 gemaach. Vun do aus goufen 181 Persounen direkt an d’Spidol bruecht, well d’Krankheet scho staark fortgeschratt war.
Déi meeschte Leit sinn iwwregens an d’Rockhal gaangen, direkt duerno d’Luxexpo an dann Ettelbréck.

Fermeture définitve des centres de soins avancés (05.06.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé À partir de lundi 8 juin 2020, les centres de soins avancés installés à LuxExpo et à la Rockhal fermeront définitivement leurs portes.
Les patients présentant des symptômes COVID-19 peuvent s’adresser à leurs médecins généralistes, ou, en cas d’urgence, aux services urgences des hôpitaux.
Veuillez trouver en annexe le rapport d’activités des centres de soins avancés.