
Wéi d'Police mellt, wier kuerz viru Mëtteg e Mann an e Vëlosbuttek eragaangen an hätt sech eng Zäit laang alles ugekuckt. Op eemol hätt hien e Vëlo aus der Vitrinn geholl a sech domat duerch den Noutausgang duerch d'Bascht gemaach. Et wier e wäisse Course-Vëlo vun der Mark Specialized S-Works Venge (Gr.56) gewiescht. D'Pneuen hätten opfälleg giel Borden. Pedalle ware keng drop.
D'Police mellt och en Accident tëschent engem Motorrad an engem Course-Vëlo zu Wecker um Dënschdeg de Moien um 08.40 Auer. De Vëlosfuerer wier op der N14 a Richtung Biwer ënnerwee gewiescht an hätt wëllen op der Haaptstrooss no lénks a Richtung Haastert abéien.
Dobäi wier e mat engem Motocyclist anenee gerannt, dee grad ee Moment ugesat gehat hätt, fir de Vëlosfuerer z'iwwerhuelen. Béid si gefall an hunn divers Blessuren dovu gedroen. Si koumen an d'Spidol. Et gouf e Protokoll erstallt.
E Méindeg den Owend kuerz no 21.00 Auer hat d'Police eng Fra gemellt kritt, déi sech "opfälleg" beholl hätt. D'Fra, déi alkoholiséiert gewierkt huet, wier zu Réiden an der Räicheler Strooss an en Auto geklommen an dunn a Richtung Räichel fortgefuer.
D'Police hätt d'Fra kuerz drop am Auto fonnt a festgestallt, datt si zimmlech duerchernee war. Den Alkoholtest war positiv an et hätt och schonn e Fuerverbuet géint d'Fra ginn. D'Gefier wier op Uerder vum Parquet sécher gestallt ginn.