No Accident an der BelschD'A6 ass an Direktioun Arel nees fir den Trafic op

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien ass et tëscht der Ausfaart Sterpenech an der Ausfaart Weyler op der Belscher E25 zu engem Accident komm.
© Domingos Oliveira

Dësen hat och Repercussiounen op den Trafic zu Lëtzebuerg. D’Police hat kuerz no 6 Auer gemellt, dass d’A6 an Direktioun Belsch vun der Ausfaart Stengefort u komplett fir den Trafic zou wier.

Géint 9.50 Auer gouf et dann Entwarnung. D’A6 ass an Direktioun Arel nees fir den Trafic op.

Back to Top
CIM LOGO