
En neit Gebai konnt laang net gebaut ginn, well et en Desaccord mat de Proprietäre vun de Parzelle gouf, op deenen d’Gebai zu Ierpeldeng sollt gebaut ginn. Dat wéinst den Terrainspräisser.
Wéi de Bauteminister François Bausch elo an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler confirméiert, konnt de Staat sech antëscht awer mat de Proprietären eenegen an déi 32 Parzellen, déi néideg sinn, fir dem Nordstad-Lycée en neit doheem ze ginn, opkafen. Et koum deemno net zu Expropriatiounen, fir déi 7 Ha Land beieneen ze kréien. De Gesetzesprojet an Héicht vun 158 Milliounen € fir de Lycée ze bauen, war scho virun 2 Joer gestëmmt ginn.
Ënner anerem den Ierpeldenger Gemengerot hat Problemer mam Bau-Plang gesinn. Dat wéinst engem Pëtz beim Futtballterrain. Ma op dëser Parzell gëtt elo awer net gebaut, sou dass de Pëtz weider ka benotzt ginn.
Dem Minister no, kënnen d’néideg Etüden iwwert den Impakt, deen den neie Lycée a seng Annexen op d’Ëmwelt hunn, elo weidergoen. De Reklassement vun den eenzelen Terrainen ass amgaangen, duerno kënnen d’Soumissiounen ausgeschriwwe ginn.
Et wäert trotz Allem awer nach bis Fréijoer 2025 daueren, bis d’Baggeren zu Ierpeldeng rullen an de Chantier ufänkt. Deemno wäerte virun der Rentrée 2030 och keng Schüler zu Ierpeldeng kënnen enseignéiert ginn.
Parlamentaresch Fro: Keen neien Nordstad-Lycée zu Ierpeldeng bis 2030
Nordstad Lycée : Neit Gebai fir 1.200 Schüler léist weider op sech waarden