FUAK-Direkter Marc WidongD'Aarbechten um Kierchbierg "halen ni wierklech op"

Gaël Arellano
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
De Fonds Kirchberg huet all Hänn voll ze dinn, confirméiert eis hiren Direkter, de Marc Widong. Hien huet mat eis iwwer de Quartier Midfield an déi zukünfteg Chantieren um Kierchbierg geschwat.
© Gaël Arellano/ RTL Luxembourg

Viru Kuerzem eréischt gouf de Fonds Kirchberg mam Bau vum Midfield-Quartier beoptraagt - e Projet vun der Gemeng Hesper an der Stad Lëtzebuerg. Fir de FUAK-Direkter Marc Widong eng “groussaarteg Geleeënheet” an e “Vertrauensbeweis”. De Quartier soll Plaz fir bal 5.000 Awunner, Büroen, e Lycée an ëffentlech Gebaier bidden. Gebaut gëtt awer eréischt a “véier bis fënnef Joer”.

Fir den Ament konnt eis den Direkter vum FUAK awer d’Installatioun vum Lycée technique du Centre am Norde vum Quartier confirméieren. Dëse géing ee vun de “gréisste Lycéeën” am Land ginn, preziséiert de Marc Widong. De P&R Sud, deen et jo scho gëtt, soll iwwerdeem zu engem Souterrain ëmgebaut ginn, fir Plaz fir e Sport- a Kulturkomplex ze schafen.

Fir ee vun de gréisste Problemer an de Grëff ze kréien - de Kaméidi vun der A3 - géing en Deel vun der Autobunn iwwerdaacht ginn an d’Wunnengen esou integréiert ginn, datt si dem Verkéier net esou ausgesat sinn, erkläert de Marc Widong. Et wéilt een de Quartier “agreabel a praktesch” gestalten.

De Kierchbierg - e Quartier a konstanter Transformatioun

Dorun, datt hir Expertis elo och baussent dem Kierchbierg gefrot ass, géing een dem Marc Widong no mierken, “datt een eis vertraut”. Eng gutt Nouvelle fir de Fonds Kirchberg, deen awer nach laang net fäerdeg ass mam Kierchbierg. Nieft dem Kuebebierg an de Projete JFK Süd, Langfur a Grünewald West huet de FUAK fir déi nächst 15 Joer genuch ze dinn. “Um Kierchbierg gëtt et nach vill ze bauen”, äntwert de Marc Widong op d’Fro no méiglechen neie Projete baussent dem Quartier.

Zanter senger Grënnung 1961 hätt sech d’Strategie vum Fonds Kirchberg staark weiderentwéckelt. Haut géing ee sech méi op de Bau vu Wunnenge konzentréieren, erkläert de FUAK-Direkter. Eng Selbstverständlechkeet, déi et zu der Zäit vum Bau vun der Rouder Bréck, den europäeschen Institutiounen oder de Bankzentralen nach net gi war.

© Domingos Oliveira

Hausse vun Zënsen a Baupräisser

Op d’Haussë vun den Energiekäschten an eng méiglech Hausse vun den Zënsen hätt hien zwar keen Afloss, gëtt de Marc Widong zou, ma preziséiert awer, datt de Fonds Kirchberg Mesuren huele kann, fir d’Hausse vun de Baukäschten auszegläichen, wéi et schonn no der Pandemie gemaach gouf. “Mir limitéieren d’Präisser, wat dem Keefer an de Banke Sécherheet a virun allem Transparenz iwwer d’Käschte gëtt, déi duerch eng allgemeng Kris entstoe kënnen.”

De ganzen Interview mam FUAK-Direkter Marc Widong kënnt Dir bei eise Kolleege vun RTL Infos noliesen.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO