FGFC kritiséiert SIGIInformatik-Gestioun soll an de CTIE integréiert ginn

Pit Everling
De SIGI soll als Syndicat intercommunal ofgeschaaft ginn an an den nationalen Informatiouns- an Technologie-Zentrum CTIE integréiert ginn.
© Pit Everling / RTL

Pressekonferenz vun der FGFC - Reportage Pit Everling

Déi Doleance formuléiert d‘Gemengegewerkschaft FGFC. Beim Gestiounssyndikat fir informatesch Servicer géif d‘Mise en place vu wichtegen neie Programmer ze vill schleefen. A punkto Digitaliséierung wiere vill Gemengen am Mëttelalter. Et hätt een elo laang nogekuckt, nodeems d‘Presidence beim SIGI changéiert huet, mä zu Konter géif nach ëmmer kee Gesamtkonzept a keng Visioun um Dësch leien. De Claude Reuter, President vun der FGFC:

"Mir als FGFC sinn der Meenung, dass de SIGI e kommunalen Departement vum CTIE sollt ginn, also e staatlechen Informatiounsdepartement, wou mer zesumme kucken, eis Spezifizitéiten natierlech oprecht ze halen, mä dat Gedümpels kann esou op jiddefalls net weidergoen. Mir hunn och déi Problematik, dass wäit iwwer 30 Politiker do sëtzen, näischt géint hir Ambitioune vun der Politik, mee si hu keng Anung vun Informatik, an déi sëtzen do am Verwaltungsrot, wann een et esou wëll huelen. Dat huet se ze änneren." Beim Gestionssyndikat fir informatesch Servicer géif d‘Mise en place vu wichtegen neie Programmer ze vill schleefen, sou d'FGFC.

Summerlach nennt d‘FGFC hiren Debriefing vum Gemengesecteur. D'Gemengegewerkschaft wënscht sech méi Gerechtegkeet bei den Aarbechtskonditiounen, méi Kloerheet bei der Reform vum Staatsexamen an eng méi effikass Informatik-Gestioun.

Verlaangt gëtt eng Harmoniséierung tëscht der staatlecher Fonction publique an där kommunaler, awer och vun den Aarbechtskonditiounen tëscht de Gemengen, wou et dacks grouss Ënnerscheeder gëtt: "Ze kucken, wéi kënne mer dat harmoniséieren? Ech menge wa mir eppes hunn, wat de Staat net huet, kann ee sech vläicht do an der Mëtt fannen. Dass ee vläicht hei iergendwou e Congésdag ka méi hunn. Mee op den anere Saache muss et awer an eisem Secteur eng Eenheetlechkeet ginn, well soss fuere mer auserneen an dann hu mer et wéi an Däitschland dann zéien d'Leit vun engem Bundesland an dat anert. Hei zéien d' Leit dann och vun enger Gemeng op déi aner. Dat kann et awer och net sinn".

Just eng Minoritéit vum Gemengepersonal schafft nach ënner dem Statut vum Fonctionnaire oder Employé. Déi meescht sinn als Salarié à tâche manuelle oder intelectuelle agestallt. Déi lescht genannte Kategorie bräicht sou séier et geet en ëffentlech-rechtleche Statut. D‘FGFC verlaangt och e sektorielle Kollektivvertrag.

D‘Reform vun der Astellungsprozedur beim Staat gëtt zur Kenntnis geholl. Do stellt een sech d‘Fro vun der Repercussioun op de Gemengesecteur, well ee bis elo virum Gemengenexamen och de Staatsexamen huet misste gepackt hunn. De Projet fir dat ze ännere wier zwar um Instanzewee, awer leider nach ëmmer net do, bedauert d‘FGFC: "Dat gëtt also spannend, wa mer do an der Rentrée elo zwou verschidde Rekrutéierungsmethoden hunn, well eisem Wëssen no ass net mat eis awer och net mam Patron geschwat ginn, also mam Syvicol".

Da mécht d‘FGFC drop opmierksam, datt vill Gemengemataarbechter am Summer exzeptionell op Manifestatioune musse schaffen: "Déi Leit sollen awer och net vergiess ginn a mir sollten zesumme Léisunge fannen".

Back to Top
CIM LOGO