"Bis europäesch Léisungen do sinn"Däitschland wëll weider u Grenzkontrolle festhalen

Claude Zeimetz
D'Kontrollen un der däitscher Grenz komme bei den Nopeschlänner net gutt un. Ma d'Frontalieren notamment musse weider Gedold matbréngen.
Zanter Enn September gëtt op der Autobunn bei Tréier nees kontrolléiert.
Zanter Enn September gëtt op der Autobunn bei Tréier nees kontrolléiert.
© RTL-Archiv

Bei hirer Arrivée fir de Conseil vun den europäeschen Inneministeren hei zu Lëtzebuerg huet déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser en Donneschdeg de Moie keen Zweiwel dru gelooss, dass Däitschland sécher nach laang kontrolléiere wäert.

“Wir wollen die irreguläre Migratioun weiter zurückdrängen, Schleuser stoppen, aber auch den Kriminellen das Handwerk legen und Islamisten frühzeitig erkennen. Das sind die Gründe für unsere Grenzkontrollen. Das Ziel eint uns natürlich mit vielen Mitgliedstaaten. Sie wissen, dass andere Nachbarsstaaten auch Grenzkontrollen wieder ins Leben gerufen haben. Wir tun das weiter sehr eng abgestimmt mit unseren Nachbarn und wir werden die Grenzkontrollen in Deutschland so lange vornehmen müssen, bis wir europäische Lösungen haben, dass die Aussengrenze stärker geschützt ist.”

Duerfir géif Däitschland och drop drécken, fir den europäeschen Asyl- a Migratiounspak esou séier wéi méiglech ëmzesetzen. Berlin hätt och bei der EU-Kommissioun gefrot, ob een net verschidde Mesuren éischter schonn ëmsetze kéint, sou déi däitsch Inneministesch.

Lëtzebuerg hat wéinst dem negativen Impakt vun de Kontrolle virop op der Tréier Autobunn zu Berlin reklaméiert, awer weider näischt erreecht. Als Heemechtsland vu Schengen wier er ganz wichteg, datt d’Bannegrenzen op bleiwen, seet den Inneminister Léon Gloden ëmmer nees. Punktuell Kontrolle si fir de Grand-Duché keen Thema.

An enger parlamentarescher Fro hat d’Adr iwwerdeems vun enger “ëmmer méi heefeger Migrantekriminalitéit” geschwat, wéinst där sech d’Fro no de Grenzkontrolle stelle géif, fir déi intern Sécherheet ze garantéieren. Den CSV-Inneminister distanzéiert sech a senger Äntwert formell vun där Ausso.

Strofdote wieren onofhängeg vun der Nationalitéit ze kucken. Als eenzeg EU-Baussegrenz gëtt et hei am Land jo just de Findel. Hei goufen zejoert vun de 971.393 Passagéier, déi kontrolléiert goufen, 12 Persounen net an d’Land eragelooss. Eng verstäerkt Zesummenaarbecht tëscht Police an Douane hält de Léon Gloden och net fir néideg.

Back to Top
CIM LOGO