Molitor a Schwarz bleiwen op hire PostenDanielle Filbig nei Co-Presidentin vun der JSL

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war den Nationalkongress vun der JSL zu Mäertert am Kulturzentrum.
© JSL

Nei Co-Presidentin vun de Jonke Sozialiste gëtt d’Danielle Filbig. Si deelt sech dëse Poste mam Max Molitor, dee fir e weidert Joer Co-President wäert bleiwen. Och de Maurice Schwarz bleift a sengem Amt als Generalsekretär.

Haaptthema um Kongress waren déi Jonk an hir Suergen. Déi muss een eescht huelen, war den Appell vum neien an ale Co-President Max Molitor. Déi jonk wieren aktuell onzefridde mat der Politik an hiren Ausbléck an d’Zukunft wier schwiereg. Aktuell géif d’Politik et och net fäerdeg bréngen, fir déi Themen, déi déi Jonk interesséieren, unzegoen. Mam Bléck op d’Oprëschtungsannonce war et dann och d’Fuerderung, datt d’Oprëschtung net dierfte finanzéiert ginn, andeem ee beim Sozialstaat oder bei zukünftegen Infrastruktur-Projete kierze geet.

PDF: D'Schreiwes vun der JSL

Back to Top
CIM LOGO