Et wier laang um Gesetz geschafft ginn, mat deelweis méi heftegen Diskussiounen, mee et wier ee lo zu engem gemeinsamen Nenner komm.
E wichtege Punkt fir d’Landjugend a Jongbauere war den Zougang zum Beruff huet de President Luc Emering betount. De Beruff misst opgewäert ginn:
Mir gesinn eis do gläich mat den aneren Handwierker a sinn dofir ganz frou, datt eng Formation agricole virgesinn ass, een also eng Mindest-Ausbildung muss hunn, fir sech aktive Bauer kënnen ze nennen oder minimum eng Experienz vun 2 Joer à plein temps an engem landwirtschaftleche Betrib.
Anere wichtege Punkt wieren d’Invest-Bäihëllefen:
Wa mer rëm fannen am Gesetz, datt zum Beispill besonnesch Fërderunge fir de Geméisberäich virgesi sinn, ass dat eng grouss Unerkennung an et geet an déi richteg Richtung.
D’Landjugend a Jongbaueren begréissen och, datt méi gemaach gëtt fir Elektrogefierer:
Et ass déi éischt Kéier, datt mer eng Bäihëllef kréien, wann de Bauer sech fir e klengen Stalltrakter decidéiert, deen op Basis vun engem Elektromotor ugedriwwe gëtt.
De Landwirtschaftsminister Claude Haagen huet erkläert, datt hien hofft, datt de Projet de Loi nach dës Chambersessioun, also virun der Summervakanz, gestëmmt ka ginn.