Podcast "80 Joer Battle of the Bulge"D'Befreiung vu Clierf an d'Roll vun de Fraen

Marc Hoscheid
De 25. Januar 1945 konnten d'Awunner vu Clierf déi alliéiert Befreier begréissen an d'Ardennenoffensiv war fir si eriwwer.
© Marc Hoscheid

Clierf gëtt befreit (Roll vun der Fra)

D’Freed war grouss, dat ënnert anerem och bei der Famill vum Marie-Antoinette, genannt Manni, Scheidweiler-Recken. Als jonkt Meedchen huet si matkritt, wéi hir Eltere gehollef hunn, am Hotel du Commerce Lëtzebuerger Jongen, déi zwangsrekrutéiert sollte ginn, direkt ënnert der Nues vun der Gestapo ze verstoppen. Wärend hire Papp dofir an d’Konzentratiounslager gestach gouf, huet hir Mamm d’Famill mussen duerchbréngen.

De Philippe Victor am Dikrecher Militärmusée. Wärend der Ardennenoffensiv ware Fraen an der amerikanescher Arméi virun allem als Infirmièren aktiv.
De Philippe Victor am Dikrecher Militärmusée. Wärend der Ardennenoffensiv ware Fraen an der amerikanescher Arméi virun allem als Infirmièren aktiv.
© Marc Hoscheid

An dëser Episod erzielt der Marie-Antoinette hire Mann Marcel Scheidweiler d’Geschicht vu senger Schwéiermamm. Den Historiker a Geschichtsproff Philippe Victor geet iwwerdeems op d’Roll vun de Frae wärend der Ardennenoffensiv am Allgemengen an. Engersäits goufe si systematesch ënnerschat, anerersäits hu si eng wichteg Roll gespillt, ënnert anerem bei der Ënnerstëtzung vun den Alliéierten.

Déi komplett Timeline vum Podcast “80 Joer Battle of the Bulge”

Back to Top
CIM LOGO