Podcast "80 Joer Battle of the Bulge"D'Befreiung vu Wolz an d'Roll vun den Zwangsrekrutéierten

Marc Hoscheid
Den 21. Januar 1945 hunn déi Alliéiert Wolz definitiv vun den Däitsche befreit.
© Marc Hoscheid / RTL

Duerch de Fait, datt 1942 de Generalstreik géint d’Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend vu Wolz ausgaangen ass, krut d’Stad den Éierentitel “Cité Martyre du Luxembourg”. Dowéinst geet et an der sechster Episod vum Podcast ëm d’Roll vun den Zwangsrekrutéierte wärend der Ardennenoffensiv.

D’Elterenhaus vum Gust Weinandy zu Donkels war eng potenziell Stopp fir ee Lëtzebuerger Dokter, ma am Endeffekt hu sech hei däitsch Zaldote verstoppt. Den Hobby-Militärhistoriker Paul Heinrich erzielt iwwerdeems d’Geschicht vu sechs Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten, déi gezwonge goufen, am Éislek ze kämpfen.

Déi komplett Timeline vum Podcast “80 Joer Battle of the Bulge”

Back to Top
CIM LOGO