
Ouni d’Recetten aus dëser Vente ass de Benefice ëm 8% geklommen. De Lëtzebuerger Staat, deen zanter der Finanzkris vun 2008 Aktionär vun der Bank ass, kritt 120,5 Milliounen Euro Dividenden vun der BGL. De Staat huet och eng kleng Participatioun beim Mammenhaus BNP Paribas, duerch déi antëscht 55 a 60 Milliounen Euro Dividenden fir d’lescht Joer wäert kréien.
D’lescht Joer war dat ekonomescht Ëmfeld zu Lëtzebuerg schwiereg. D’Wirtschaftsleeschtung goung zréck an dat bei enger héijer Inflatioun. Den Encours vun de Kreditter bei der BGL huet sech trotzdeem liicht positiv entwéckelt. Dat gëllt esouwuel fir d’Kreditter insgesamt, wéi fir d’Immobiliëprêten. Déi Responsabel vun der Bank hunn erkläert, datt wéineg Retarde beim Remboursement vun den Immobiliëprête ginn hätt.
Dobäi hat den Immobiliëportail at home awer gemellt, datt d’Zënsen op den Immobiliëprêten schonns erof gaange wieren. Dat obwuel déi europäesch Zentralbank hire Leetzëns zanter dem lëschten Hierscht net geännert huet ? Den Yves Nosbusch, de Chefekonomist vun der BGL seet, et misst een ënnerscheeden :
“Déi kuerzfristeg Zënsen, déi sinn haaptsächlech determinéiert duerch d’Leetzëns oder d’Leetzënse vun der Europäescher Zentralbank. An déi sinn, wéi der gesot hutt, nach net erofgaangen. Déi laangfristeg Zënsen, déi sinn awer schonn erofgaangen, well de Marché schonn antizipéiert, datt d’Europäesch Zentralbank an deenen nächste Méint an der zweeter Hallschent vum Joer wäert Zënsen erofsetzen.”
Dofir sinn déi fix Tauxen schonn erofgaangen, mee déi variabel nach net, seet den Yves Nosbusch. Hie geet dovun aus, datt d’EZB dëst Joer ufänkt, de Leetzëns erof ze setzen.
“Genau wéini, genau wéi vill, dat wësse mer net. Mee ech mengen, dat wat een awer ka soen, dat ass, datt d’Zënse net wäerten nees op déi Niveauen zréckkommen, déi mer virun 2022 kannt hunn. Dat heescht, ech mengen, wann alles no Plang geet, kann een dovun ausgoen, datt een an annerhallwe bis zwee Joer, mengen ech, um Leetzëns annerhallwe bis zwee Prozentpunkte méi niddreg ass, wéi dat, wat mer haut hunn.”
Domat géifen dann déi variabel Tauxen erofgoen, mee bei deene fixen erwaart hie kee grousse Changement méi.