Dëse Bilan huet de Verwaltungsrot vun der Cargolux géintiwwer der Press presentéiert.
Besonnesch geklommen ass den Transport wéinst dem e-Commerce. Virun allem aus China huet d’Cargolux méi transportéiert, dobäi ass d’Firma “Shein” genannt ginn, déi “Fast Fashion” produzéiert. D’Online-Plattform verkeeft immens bëlleg Kleeder. Oder och nach déi chineesesch Shopping-App “Temu”, op där een alles Méigleches ze kafe kritt.
De Wuerentransport verlaangt, dass d’Flott och ëmmer um neiste Stand gehale gëtt. Fir d’Joer 2027 huet d’Cargolux 10 nei Boeing-Maschinne geplangt. Mee wéinst de rezente Problemer, déi duerch eng ganz Rei Virfäll un der 737-Linn konstatéiert goufen, géing ee sech aktuell keng Suerge maachen. Cargolux wier a konstantem Discours mat Boeing, sot de Maxim Strauss, Finanzdirekter bei der Cargo-Airline.
E weidere Sujet bei der Presentatioun vum Bilan war awer och d’Nohaltegkeet. Zanter 2022 notzt Cargolux sougenannten E-Fuels. Ma ee grousse Problem wier awer, dass de Marché nach ze vill limitéiert ass. Dobäi kënnt de Präis, deen dräi bis véier mol esou héich ass, wéi bei den normale Brennstoffer, déi fir d’Aviatioun disponibel sinn. Dowéinst wier et den Ament net méiglech, komplett op E-Fuels ëmzeklammen, esou de Generaldirekter Richard Forson. “E-Fuels sinn domadder definitiv eppes, dat vill méi misst produzéiert ginn. Virun allem wann d’Oploe vu Säite vun der EU an Zukunft d’Notzung vun E-Fuels verstäerkt wäerte fuerderen. D’Produktioun vun E-Fuels mussen onbedéngt verstäerkt ginn.”
Wat de Streik ugeet, deen zejoert dofir gesuergt hat, dass eng ganz Rei Flich hu misse gestrach ginn, hätt dat kee groussen Impakt gehat, huet et op Nofro nach geheescht. Am September hat d’Personal dräi Deeg laang d’Aarbecht néier geluecht. Doropshin konnt eng Eenegung tëscht de Parteie fonnt ginn. D’Käschte kéinten net genee chiffréiert ginn, well d’Flich, déi ausgefall waren, nom Streik konnten opgefaange ginn.