
Deemno ass de Projet de Loi mat enger breeder Majoritéit an der Chamber guttgeheescht ginn, mat deem d’Elteren de Choix hunn, ob hiert Kand op Däitsch oder awer neierdéngs dann op Franséisch alphabetiséiert gëtt. Et ass net iwwerraschend e Gesetzprojet, iwwer deen d’Deputéiert intensiv debattéiert hunn.
Interessant war och, dass véier vun den siwen haaptageschriwwene Riedner als Kanner doheem kee Lëtzebuergesch a scho guer keen Däitsch geschwat hunn. Den Ricardo Marques vu der CSV huet temoignéiert.
„Ech hu meng Hausaufgaben ëmmer eleng geléiert. Ech hu meng Prüfungen ëmmer eleng geléiert. Net well ech dat wollt, mä well meng Elteren keen Däitsch geschwat a verstanen hunn. Déi meescht vu menge lusofone Kollegen waren deemools op Technique orientéiert ginn. Net well si manner intelligent waren, mä well si ënnert anerem och an enger Sprooch geléiert hunn an der si sech net wuel gespuert hunn.“
Ob David Wagner, Meris Sehovic oder Barbara Agostino – si all hu vun änleche Situatiounen erzielt. Eng Alphabetiséierung op Franséisch géif ville Kanner entgéint kommen. D’DP-Deputéiert Agostino, Rapportrice vum Projet de loi:
„Mat dëser Reform soll a Kand e gudde Start a seng schoulesch Carrière erméiglecht kréien.“
Och wann d’LSAP domat averstanen ass. Ganz nom Faust sengem “Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust” huet d’Francine Closener staark Zweiwelen un der Ëmsetzung vum Projet Alpha geäussert:
„Firwat gëtt bei deem hei Projet konsequent ignoréiert, wat d‘Gewerkschaften an d‘Personal ze soen hunn? Firwat gëtt e Pilotprojet gemaach an dann awer iwwerhaapt guer net ofgewaartt, wat dobäi erauskënnt? Firwat gëtt net op de (Gemengesyndikat) Syvicol gelauschtert?“
Bedenken, déi d’Sozialisten äusseren, ma déi d’Piraten esouguer dozou bruecht hunn, sech beim Vott z’enthalen. Marc Goergen:
„De Projet ass einfach nach net räif. En ass gutt gemengt, mä alt nees schlecht gemaach.“
Wärend och de Meris Sehovic vun déi Gréng sech vum Choix bei der Alphabetiséierung méi Chancegläichheet versprécht, mengt de Fred Keup vun der ADR de komplette Contraire:
„Wann den eenzege Critère nach déi franséisch Sprooch ass a wann Lëtzebuergesch an Däitsch net méi gefrot sinn, dann ass et ganz kloer de Lëtzebuerger, an zumools deen, deen net gutt am Franséischen ass – an der ginn et der vill -, deen an dëser Gesellschaft verléiert. Dat ass Benodeelegung, deen hei mat dësem System zementéiert gëtt. Dofir si mir absolutt dogéint.“
Den David Wagner vun déi Lénk wollt déi Aussoen vu Riets net esou stoe loossen. Dës Reform hätt Gewënner, mä keng Verléierer. Alphabetiséierung op Däitsch bleift jo eng vun den zwou Optiounen.
„Dir (Fred Keup) litt d‘Leit, och är Wieler, bewosst un. Dat just fir bei den nächste Walen besser ofzeschneiden. Dat maach Dir mat der Zukunft vun de Kanner. Ech hoffen, dass Dir Iech och heiansdo Gedanke maacht iwwer d‘Kanner, déi net aus exakt deem selwechten sozio-linguistesche Milieu kommen ewéi Dir.“
Dofir krut den David Wagner Zoustëmmung vu villen Deputéierten.
Um Enn vun deem intensiven Debat huet den Educatiounsminister Claude Meisch gesot: Jo, Joer fir Joer wäert mam Léierpersonal an de Gemengen de Point gemaach ginn. An Jo, d’Alphabetiséierung op Franséisch wär net den eenzegen Hiewel fir méi Chancëgläichheet. Och d’sozioekonomesch Ënnerscheeden misste reduzéiert ginn.
Fir d’Rentrée am September geet et lass. Den Ufank mécht de Cycle 1 also déi fréier Spillschoul. Da ginn d’Kanner orientéiert. Fir d’Rentrée 2027/28 léieren am ganze Land déi éischt Schüler liesen a schreiwen op Franséisch, wann d’Eltere sech fir dee Modell decidéieren.
| D’Schreiwes vum Educatiounsministère |
Avec le vote, ce 3 décembre 2025, de la loi introduisant le choix entre l’allemand et le français comme langue d’alphabétisation dans l’école fondamentale publique, la Chambre des députés pose un jalon majeur dans l’histoire de l’école luxembourgeoise. Ce vote traduit une volonté politique forte de construire une école plus juste et mieux adaptée à la réalité linguistique de nos élèves. La réforme ALPHA – zesumme wuessen concrétisera les enseignements de la recherche scientifique ainsi que les résultats prometteurs observés dans les quatre écoles pilotes qui proposent déjà le choix de la langue d’alphabétisation. Les études, tout comme la pratique, montrent en effet que les élèves développent de meilleures compétences lorsqu’ils apprennent à lire, à écrire et à calculer dans une langue proche de celle qu’ils parlent à la maison. Par ailleurs, dans les quatre écoles pilotes, ALPHA – zesumme wuessen a sensiblement renforcé la motivation des élèves et favorisé leur participation en classe. Alors que deux tiers des élèves de l’enseignement fondamental ne parlent ni le luxembourgeois ni l’allemand comme première langue à la maison, la réforme ALPHA – zesumme wuessen prend toute son importance: elle constituera un levier essentiel pour améliorer l’équité des chances dans l’école luxembourgeoise. Au deuxième trimestre de l’année scolaire 2026/2027, les parents des élèves du cycle 1.2 pourront, pour la première fois, choisir l’allemand ou le français comme langue d’alphabétisation de leur enfant. À la rentrée 2027/2028, les élèves du cycle 2.1 seront alphabétisés dans la langue choisie. La réforme ALPHA – zesumme wuessen sera par la suite progressivement étendue à tous les cycles jusqu’à la rentrée 2032/2033. La réforme permettra de mieux tenir compte des profils linguistiques des élèves tout en préservant l’unité de l’école luxembourgeoise. Tout au long de leur scolarité au fondamental, les élèves continueront à partager 70 % de leur temps de classe. Aux cycles 2 et 3, les cours d’allemand, de français et de mathématiques seront organisés en deux groupes distincts, selon la langue d’alphabétisation choisie, alors que toutes les autres disciplines seront enseignées dans la même classe, et en luxembourgeois. Au cycle 4, les élèves seront à nouveau réunis pour l’ensemble des cours. Dans les prochains mois, les efforts se poursuivront tant en matière de formation continue des enseignants qu’en matière de développement de supports pédagogiques adaptés aux besoins des élèves dans le cadre de la réforme ALPHA – zesumme wuessen. Ces préparations sont essentielles pour garantir le succès de cette réforme ambitieuse, qui renforcera non seulement les chances de réussite de nombreux élèves, mais contribuera également à la cohésion sociale du pays. Tout comme le projet pilote, la réforme fera l’objet d’un accompagnement scientifique tout au long de sa mise en œuvre. |