Neijoerschreceptioun vun der DP"D'CSV-DP-Koalitioun schafft zesummen an hält zesummen"

Claudia Kollwelter
Dat sot de liberalen Ausseminister Xavier Bettel en Donneschdeg den Owend um Neijoerschpatt vun der DP zu Bartreng virun eppes iwwer 200 Invitéeën.
Neijoerschreceptioun vun der DP
Um Neijoerschpatt vun der DP zu Bartreng gouf zefridden op dat lescht Joer, den Entlaaschtungspak a sozial Mesurë gekuckt.

Rou behalen, weiderkommen a pragmatesch Léisunge fannen. Dat wieren d’Stäerkte vun der DP, huet et um Neijoerschpatt vun der liberaler Partei zu Bartreng geheescht. Virun eppes iwwer 200 Invitéeën* ass net just zefridden op dat lescht Joer zréckgekuckt, wou grad den Entlaaschtungspak an déi sozial Mesuren ervirgehuewe goufen, mä och de Bléck op aktuell Krise geworf ginn.

Neijoerschreceptioun vun der DP / Reportage Claudia Kollwelter

Vun Davos direkt an de Cactus. A gleeft mer, ech si léiwer hei!” Als Ausseminister wier een net vill zu Lëtzebuerg, ma duerch Visitten ënnert anerem an Israel, Palestina oder der Ukrain géif engem erëm däitlech ginn, wat mer vir eng Chance hunn, esou de Xavier Bettel:

Et ginn verschidde Plazen op dëser Welt, wou se och geduecht hunn, datt Fridden en Acquis wier, deen elo net méi do ass! Mir hunn d’Chance, kënnen an eng Schoul ze goen, eis ze ernieren, am Dialog kënne Léisungen ze sichen, och wann et net ëmmer einfach ass.

Wat d’DP ausmécht, gouf virun den Invitéeën thematiséiert. Dem Parteipresident Lex Delles no géif do derzou gehéieren, datt een Léisunge fir Problemer géif sichen:

Léisungen, wou mer als Partei do stinn mat de Leit ze schwätzen, kleng Schrëtt ze maachen a pragmatesch Léisungen ze fannen, déi een awer am Dialog muss fannen.

Stéchwuert Dialog huet den DP-Ausseminister ënnerstrach, datt sozial Fronten am Interêt vu kengem wieren. De Sozialdialog misst weider héich gehale ginn. Och hien huet vun der DNA vu senger Partei geschwat an d’Diversitéit ervirgestrach eleng vun den Invitéeën am Sall.

Ech hunn Dokteren gesinn, Buergermeeschteren...all déi verschidden DNAen, Kulturen, Leit vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland, an dat ass d’Stäerkt vun eiser Partei. Dat mer een deen aneren respektéieren a Politik fir deen een a fir deen aneren maachen an net deen ee géint deen aneren.

D’CSV-DP-Koalitioun géif net just zesumme schaffen, mä och zesummen halen, huet de Xavier Bettel nach um Enn vu senger Ried betount.

*An enger éischter Versioun vum Text war vu ronn 600 Invitéeë rieds. Dës Zuel gouf nodréiglech korrigéiert.

Back to Top
CIM LOGO