Aktualitéitsstonn an der ChamberD'Deputéiert iwwer d'Wichtegkeet, eis Demokratie ze verdeedegen

RTL Lëtzebuerg
Fir den André Bauler, deen dës Aktualitéitsstonn gefrot huet, ass et kloer, datt d'Demokratie kee "Selbstläufer" ass.

Um Krautmaart gouf et de Mëtteg dann op Initiativ vum liberalen André Bauler eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Defense vun der Demokratie an Zäiten, an deenen déi ëmmer méi destabiliséiert gëtt.

De liberalen Deputéierten huet ënnerstrach, datt d’Demokratie kee “Selbstläufer” ass. Den Asaz fir de Rechtsstaat ass en dagdeeglecht Engagement, esou den DP-Politiker. An do droe grad d’Politiker an der Chamber “eng grouss Verantwortung, och fir d’Biergerinnen an d’Bierger, déi sech dogéint wieren, net eleng ze loossen”, präziséiert den André Bauler weider. “Den Asaz fir Fräiheet an Demokratie geléngt just, wa mer deen zesumme ginn an deenen, déi eise politesche System a seng Institutioune veruechten, net einfach d’Feld iwwerloossen.”

Extrait André Bauler

Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimetz huet ënnerstrach, datt d’Chamber e Virbild ass fir d’Demokratie, wéi se hei am Land gelieft gëtt. D’ADR fuerdert, datt d’Leit méi via Referendume méi matagebonne ginn an d’Sam Tanson vun déi Gréng mécht drop opmierksam, datt eng Demokratie net mat engem grousse Knall, mä éischter lues a lues stierft.

Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer d'Defense vun der Demokratie
Mir liewen an Zäiten, wou d’Demokratie ëmmer méi destabiliséiert gëtt. Dofir hu sech d’Deputéiert um Krautmaart intensiv mat dësem Thema beschäftegt.

Zougang zur Magistratur méi breet opgemaach

De Rekrutement vun de Magistrate war an de leschte Joren dacks eng Erausfuerderung. Vill Poste konnten net besat ginn, ma dat dierft awer mam Vott vum Gesetzprojet 8433 A änneren.

De Rapporter, den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach:

“Fir d’éischt ännert dëst Gesetz d’Rekrutementskrittären, andeems et se méi flexibel mécht an op fir Kandidate mat enger relevanter Erfarung am Droit aus verschiddene Beruffsgruppen. Bis elo konnten am Fong nëmmen Affekote mat fënnef Joer Erfarung op Dossiere rekrutéiert ginn. An Zukunft kënne Juristen aus der Privatwirtschaft, beim Staat, op der Universitéit hir Kandidatur op Dossiere bei der Magistratur stellen.”

Esou soll et der Magistratur méiglech gemaach ginn, méi ze rekrutéieren. Eng staark an onofhängeg Justiz ass e wichtege Punkt an enger Demokratie. De liberalen Deputéierten André Bauler fënnt, datt déi och an Europa ëmmer méi un d’Wackele kommen, well et der hei ëmmer méi gëtt, déi Sympathie fir autoritär Systemer hunn. Hien ass der Meenung, datt d’Gesellschaft ëmmer méi an eng negativ Spiral geréit.

“Am Mëttelpunkt heivunner stinn déi sozial Reseauen a Plattformen. All Dag beweege sech d’Notzer hei an engem digitalen a gréisstendeels onkontrolléierten, wéineg reguléierten Universum, wou Algorithmen a Kënschtlech Intelligenz ongefiltert, plakativ Aussoen a Kriticken kënne verbreeden. Wéi kënne mer eis Erënnerungskultur opfrëschen, fir d’Leit besser iwwert déi méiglech Konsequenze vun enger schwaacher Demokratie z’informéieren.”

De Premier Luc Frieden huet drop higewisen, datt ee bei all der Trauregkeet iwwert d’Demokratie an den USA a soss op der Welt, houfreg op déi hei am Land soll sinn. Dat wier eng respektvoll a staark Demokratie, a soubal ee sech d’Fro géif stellen, wou se vläicht a Gefor ass, hätt ee schonn den Ufank gemaach, fir se och staark ze halen.

Back to Top
CIM LOGO