Neie Comité vun der AMMDD'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun stellt sech quasi nei op

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet sech de Comité vun der AMMD quasi ganz nei constituéiert.
© RTL Archiv

Deemno ass den Dr. Chris Roller, Urolog an den Hôpitaux Robert Schuman, elo neie President vum Conseil d’Administration vun der AMMD an iwwerhëlt domat de Poste vum Dr. Alain Schmit.

Neie Generalsekretär ass de Generalist Dr. Sébastien Diederich. Déi Tâche hat bis ewell den Dr. Guillaume Steichen.

Den Zänndokter Carlo Ahlborn bleift iwwerdeem Vize-President an Tresorier. Den zweete Posten als Vize-President huet de Kardiolog Dr. Bruno Pereira vum Dr. Philippe Wilmes iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO