
Ee Grond dofir ass, datt bei der Police weider soll massiv rekrutéiert ginn. Geplangt sinn eppes méi wéi 200 nei Beamten am nächste Joer. Da ginn nei Gefierer am Wäert vu knapp 8 Milliounen Euro kaaft. Derbäi kënnt d’Uschafe vu Bodycams an de Reklassement vu ronn 500 Beamte vum Grad C1 op B1. Eleng dat kascht méi wéi 2 Milliounen, respektiv méi wéi 42 Milliounen Euro.
Donieft sollen eng Rei Policegebaier erneiert oder ausgebaut ginn. Dorënner déi zu Wolz an zu Esch. D’Käschten dofir lafen allerdéngs iwwert de Budget vum Ministère fir ëffentlech Bauten. Dat alles erkläert den Inneminister Leon Gloden an der zoustänneger Chamberkommissioun e Mëttwoch.
D’Deputéiert hunn dann och iwwert d’Fraise fir d’Security an de verschiddene Flüchtlingsstrukture gekuckt. Déi gëtt fir d’nächst Joer mat 2,7 Milliounen Euro chiffréiert. Dat ass méi wéi d’Hallschent vum Budget, deen d’Gestioun vun de Structures d’accueuil ausmécht.