
De Chômage zu Lëtzebuerg ass, op d’Joer gekuckt, vu 5,8 op 6,3 Prozent an d’Luucht gaangen. Dat ass de Stand vun Enn Januar vun dësem Joer. Zanter Januar 2025 ass d’Zuel vun de Chômeuren hei am Land ëm 1.824 geklommen, wat enger Hausse vun 9,4 Prozent entsprécht.
Wéi d’ADEM an engem Communiqué schreift, si virun allem qualifizéiert Chômeure vun dëser Hausse concernéiert: Hier Unzuel ass op e Joer gekuckt ëm bal 16 Prozent geklommen. Wat den Alter vun de Leit, déi no enger Aarbecht sichen, betrëfft, ass d’Zuel vun de Chômeuren an der Alterskategorie vun 30 bis 44 Joer, nämlech ëm 11,3 Prozent.