Nom annoncéierte Récktrëtt vum Daniel DalloZu Colmer-Bierg gëtt een neie Schäffe gesicht, mat RTL wëllt awer keen doriwwer schwätzen

Marc Hoscheid
Den Éischtgewielte Patrick Berens sollt de Posten iwwerhuelen, huet sech awer op eemol anescht decidéiert. D'Grënn sinn, genee wéi beim Daniel Dallo senger Demissioun, net ganz kloer.
An der Gemeng Colmer-Bierg ass een op der Sich no engem neie Schäffen.
© RTL Archivbild

Zu Colmer-Bierg ass een op der Sich no engem neie Schäffen. Dat, nodeems den Daniel Dallo schonn am Dezember an enger Gemengerotssëtzung annoncéiert hat, datt hie sech aus dem Schäfferot zeréckzéie wäert. Dat huet hien am Februar am Editorial vum Gemengebuet nach eng Kéier widderholl. Ee Successeur ass awer nach ëmmer net fonnt. Änlech schwéier ass et iwwerdeems, fir Informatiounen dozou aus der Colmer Lokalpolitik ze kréien.

Colmer-Bierg sicht en neie Schäffen / Reportage: Marc Hoscheid

“Gudde Mëtteg, ech hunn aktuell keng néi Nouvellen zu dësem Sujet. Et steet alles am TB (Tageblatt, Umierkung vun der Redaktioun), ech kann op Iech zreck kommen wann et eppes neies gett. Merci”.

Dat war déi schrëftlech Äntwert vun der Buergermeeschtesch Mandy Arendt op eis Ufro fir een Interview iwwer d’Sich no engem neie Schäffen an der Gemeng Colmer-Bierg. An och soss ass een zu Colmer-Bierg net méi gespréicheg.

“Am beschte macht der en mail ... Bei Geleegenheet äntweren ech iech dann. Ech wollt u sech digitalt Faaschte maachen. Merci fir de Versteesdemech.” Ënnert anerem dat huet den Daniel Dallo schrëftlech op eis Interviewufro geäntwert.

Ma duerch d’Kolleegen aus anere Medienhaiser an och duerch Leit, déi eis geschriwwen hunn, wësse mer, datt den Daniel Dallo sech an éischter Linn aus perséinleche Grënn aus dem Schäfferot zeréckzitt. Et schéngt, wéi wann de Spagat tëscht dem Schäffeposten op där enger an dem Beruffs- a Privatliewen op där anerer Säit net méi ze maache gewiescht wier. Vis-à-vis vum Tageblatt hat hien am Dezember awer och ugedeit, datt et nach aner Grënn ginn, op déi hien awer net weider agoe wollt.

Bei der Sich no engem neie Schäffe fält fir d’éischt den Numm vum Patrick Berens. Dee war bei de Gemengewalen 2023 den Éischtgewielte ginn, mee d’Mandy Arendt hat als Zweetgewielt um Enn méi Conseilleren op hirer Säit. Angeblech hat de Patrick Berens deemools ee Posten am Schäfferot ugebuede kritt, deen en awer net ugeholl huet. Um Enn koume mam Daniel Dallo an der Jacqueline Majeres dee 5. an déi 7. Gewielten an de Schäfferot.

No der Annonce vum Daniel Dallo, sech zeréckzezéien, soll de Patrick Berens fir d’éischt prett gewiescht sinn, de Posten ze iwwerhuelen. Hie wier och ee Mount laang bei Reunioune vum Schäfferot dobäi gewiescht. Ma du gouf et den 11. Februar ee Gespréich, wou d’Buergermeeschtesch him erkläert huet, wat si vun engem Schäffen erwaart a wéi de Schäfferot funktionéiert an dono wollt de Patrick Berens dunn awer net méi. De Grond wier, datt de Pensionär sech dat net méi undoen, mee seng Zäit genéisse wéilt. Sou gëtt d’Mandy Arendt op mannst am Lëtzebuerger Wort zitéiert an änlech am Tageblatt. A béiden Zeitunge confirméiert de Patrick Berens déi “offiziell Versioun” vun der Buergermeeschtesch, léisst awer och méi oder manner kloer duerchblécken, datt bei him, wéi beim Daniel Dallo, wuel nach e bëssi méi dohannert stécht.

Natierlech hu mer och probéiert, mam Patrick Berens ze schwätzen, mee op zwou schrëftlech Ufroe koum bis lo nach keng Äntwert.

Den 11. Mäerz kënnt de Gemengerot vu Colmer-Bierg déi nächste Kéier zesummen. Bis dohi wëllt een ee Successeur fir den Daniel Dallo fonnt hunn, am Noutfall och just fir den Iwwergank. Bis lo huet awer anscheinend nach keen de Fanger ausgestreckt.

Back to Top
CIM LOGO