3, 2, 1 Take OffD’Spill mat der Luucht an eng déck Iwwerraschung

Olivier Catani
An der neier Episod vun der Science-Challenge-Show wäerten d'Kandidate mat Luucht experimentéieren. Si gesinn, dass den éischte Bléck täuschen a sech hannert all Eck eng Iwwerraschung verstoppe kann.
3, 2, 1 Take Off: D’Spill mat der Luucht an eng déck Iwwerraschung
An der neier Episod vun der Science-Challenge-Show wäerten d’Kandidate mat Luucht experimentéieren.

Een Objet – dräi Schieter

D’Kandidate sollen ee kontinuéierlechen Objet bauen, deen 3 spezifesch Schieter ka geheien. Den Objet, dee se solle bauen, muss nieft engem Quadrat och de Schied vun engem Dräieck mat Hittchen an engem Krees mat 2 klenge Wutzen ënnen an uewe kënne geheien.

Hei feelt dach eppes!?

D’Kandiate mussen eng Foto maachen. De Problem: hirem Fotoapparat feelt d’Objektiv. Dat musse si sech selwer bauen. Dofir hu se eng Stonn Zäit. Wien um Enn déi schäerfste Foto huet, gewënnt den Challenge.

Geschwëster-Comeback

Domat hat kee gerechent. D’Geschwëster Leslie a Marc kommen zréck. Mee kënne si hir zweet Chance och notzen. Den Episod fänkt mat 7 Kandidaten un. Um Enn wäerten der och 7 bleiwen, mä et ka sinn, dass d’Kaarte komplett nei gemëscht ginn.

Laser-Duell

D’Duelliste mussen e Fixspoun ufänken, ouni en unzepaken. Si kënnen duerfir e staarke Laserstral benotzen. Si mussen dëse Laser esou redirigéieren a fokusséieren, dass de Fixspoun zünt. Deen éischten, deem dat geléngt, gewënnt déi leschte Plaz fir den nächsten Episod.

Take Off – Science Challenge Show kënnt ëmmer Freides em 19:00 op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. An nach emol Sonndes Moies em 11.

Back to Top
CIM LOGO