
Géint der Mëtteg krut d’Police e versichten Iwwerfall an der Rue du fort Neipperg gemellt. Den éischten Informatiounen no hätt de Raiber versicht, dem Affer seng elektresch Trottinett ze klauen. Dobäi hätt den Täter mat enger Handbeweegung ugedeit, dass hien no engem Messer wéilt gräifen. Et ass him allerdéngs net gelongen, d’Trottinett ze klauen. Hie wier schlisslech a Richtung Place de la Gare geflücht. Hie konnt schisslech am Kader vun enger Enquête ermëttelt ginn. Wéi d’Beamten hien duerchsicht hunn, hu si e Messer an Droge fonnt. D’Géigestänn goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an et gouf e Protokoll erstallt.
Am Nomëtteg wollt eng Patrull vun der Police dann zwee Männer kontrolléieren, bei deenen de Verdacht opkoum, dass et sech ëm Drogendealer handelt. Wéi d’Männer d’Beamte gesinn hunn, si si an Direktioun vun der Avenue de la Gare geflücht, Si goufen awer kuerz drop vun de Beamte gestallt. Bei engem vun hinne goufen eng Partie Pëlle fonnt, deen aneren hat Drogen, Suen an zwee Handye bei sech. Och hei goufen d’Géigestänn op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf e Protokoll erstallt.