Dat seet de Finanzminister Pierre Gramegna am RTL-Interview.
Wéi déif dësen Aschnëtt ass, kéint een elo nach net genee soen, well nach net gewosst ass wéi laang de Krisenzoustand dauert a wéi mer progressiv rauskommen. Kloer wier, datt de Budget dëst Joer net sou applizéiert wäert ginn wéi e gestëmmt gouf. Den Internationale Wärungsfong géif, dem Pierre Gramegna no, fir Lëtzebuerg vun enger Baisse vum PIB vu 4 bis 5% ausgoen amplaz engem Wuesstem vun 2 bis 3%. Sollt sech dëse Pronostic confirméieren, wier dat dat schlechtste Resultat fir eist Land, fir eng ganz laang Zäit, sou de Pierre Gramegna am RTL-Interview.
No wochelaange Verhandlungen, hunn d'EU-Finanzministeren sech en Donneschdeg den Owend spéit op en Hëllefspak an Héicht vu 500 Milliarden fir d'Memberlänner an der Lutte géint de Coronavirus gëeenegt. Eng hallef Billioun steet also prett fir Betriber a Mataarbechter z'ënnerstëtzen an d'Relance fir d'Zäit no der Kris ze begleeden, an dat besonnesch an deene Länner, Italien a Spuenien déi elle gebeidelt sinn. RTL huet an deem Kontext mam Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna geschwat.
D'europäesch Staats- an d'Regierungscheffen haten, nodeems si keen Accord op hirem virtuelle Fréijoerssommet fonnt haten, de Finanzministeren zwou Wochen ginn fir op e gemeinsamen Nenner ze kommen. Dee Kompromëss ass elo also en Donneschdeg den Owend fonnt ginn. Besonnesch grouss war bis zu Lescht de Sträit doriwwer, wéi streng d'Kreditkonditioune beim Europäesche Rettungsfong sollte sinn.
Pierre Gramegna:Dat war ganz schwéier fir verschidde Länner z’acceptéieren, datt all déi Konditiounen, déi an enger „traditioneller“ klassescher Kris applizéiert ginn den Ament a Klammere gesat ginn, an datt en Deel vun de Suen de Länner geléint kënne ginn, fir alles wat mam Coronavirus ze dinn huet. Dat heescht Depensen an den Domainer Santé, Hospitalier a sou weider an och limitéiert pro Land op 2% vum PIB. Ech mengen et ass e grousse Fortschrëtt, datt mer dat fäerdeg bruecht hunn.
2% dat wieren fir Italien beispillsweis 36 Milliarden Euro. De ganze Volet ESM gesäit bis zu 240 Milliarden Euro vir.
Bis zu 100 Milliarden si virgesinn fir d'Kuerzaarbecht, wéi mir se lo schonn zu Lëtzebuerg kennen an alle Länner z'ënnerstëtzen an esou ze verhënneren, datt et zu Faillite a Massenentloossunge kënnt.
Pierre Gramegna:Dat ass och vill vum Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit ausgeschafft ginn. Zweck an Übung vun dem europäesche (Programm) ass et deene Länner ze hëllefen dëse chômage partiel ze finanzéieren, ze prefinancéieren
Besonnesch Länner hunn déi Schwieregkeeten hunn sech op de Mäert ze finanzéieren, sollen dës Hëllef kréien. Wat Lëtzebuerg ganz staark begréisst hät, sou de Pierre Gramegna. Fir déi Länner wäert d'Kommissioun selwer op de Marchéën Geld léine a se dann als gënschteg Kreditter weider ginn. De Programm soll sou wäit wéi méiglech aus dem EU-Budget finanzéiert ginn. Wat doriwwer eraus geet ass nach net honnertprozenteg gekläert.
Mat engem Neesopbau-Fong, engem Garantiefong fir Kreditter an Héicht vun 200 Milliarden soll dann d'Europäesch Investitiounsbank d'Betriber aus der Kris eraus begleeden.
Pierre Gramegna: D’BEI, déi och hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, war eng vun den éischten déi gesot huet, ech muss eppes Extraes maachen a si hu 25 Milliarden Euro mobiliséiert, fir den Entreprisen Garantien ze ginn. Mat deene 25 Milliarden, déi d’BEI do op den Dësch leet, kann ee bis 200 Milliarden Garantie ginn. Dat wäert haaptsächlech PME’en hëllefen. Mä gréisser Entreprisen, déi liicht iwwert dem Seuil leien, wäerte kënnen dovunner profitéieren. An natierlech och Lëtzebuerger Betriber.
Doriwwer eraus soll d'Relance no der Kris mat enger weidere Batz Geld, engem sougenannte "Recovery Fund" méi laangfristeg begleeden. Et misst ee fäerdeg bréngen, datt Europa sech no der Gesondheetskris nees relancéiert an investéiert.
Pierre Gramegna: D’Léisung vun dëser Kris ass Invest, Invest, Invest. A wann Europa do mat deem Fong kann hëllefe Gelder ze mobiliséieren oder och gemeinsam Projeten, zum Beispill am Gesondheetssecteur ze finanzéieren , da packe mer dat.
D'Iddi vun de sougenannte Corona-Bonds, also gemeinschaftleche Scholden, war jo um Widderstand notamment vun Däitschland an Holland gescheitert.