Éischten Ëmweltdag zu LëtzebuergDe Gesondheetszoustand vun eise Beem hëlt permanent of

Tim Morizet
Am Kader vum éischten Ëmweltdag zu Lëtzebuerg waren et en Donneschdeg de ganzen Dag Konferenzen iwwert d'Ëmwelt, d'Klima an nohalteg Entwécklung.
© RTL Archivbild

Organiséiert vum Ëmweltministère an den zoustännege Verwaltunge goufen et Prezisiounen iwwert ënner anerem den aktuellen Zoustand vun de Bëscher an hirer Biodiversitéit, de Buedem an d'Waasser zu Lëtzebuerg.

Éischten Ëmweltdag zu Lëtzebuerg / vum Tim Morizet

All Joer gi sëllegen Observatiounen zu Lëtzebuerg gemaach, fir den Zoustand vun der Ëmwelt ze analyséieren. Hei goufen d'lescht Joer zum Beispill 12.000 Beem erfuerscht – dat vun der Kroun bis erof bei den Déiereschued un der Schuel vum Bam. D'Resultat: De Gesondheetszoustand hëlt permanent of, esou de Frank Wolter, Direkter vun der Natur a Bëschverwaltung.

Net esou rasant ewéi tëscht 2018 an 2019, mee mir mierken trotzdeem, datt awer nach eng weider Verschlechterung do ass."

No engem Joer mat méi schlechte Klima-Evenementer géif normalerweis eng Erhuelung dat Joer drop kommen. Et hätt nach ni eng Period ginn, an där d'Bëscher iwwer 3 Joer esou staark affektéiert goufen.

Dat wat hei beonrouegend ass, ass, datt dës Situatioun déi schlechtsten ass, déi an de leschte 37 Joer dokumentéiert gouf. Also zanter, datt mer mam Inventaire ugefaangen hunn."

An de leschte Joren huet sech virun allem d'Eech gutt erholl. Nei Verschlechterunge gouf et bei de Louhecken an de Bichen.

An der Vergaangenheet gouf et ëmmer nees Kritik vun Ëmweltorganisatiounen, datt d'Bëschverwaltung zu Lëtzebuerg ze vill industriellt Ofholze géif erlaben an déi néideg Dicht vum Bësch, an domadder den Ekosystem ausernee rappt. Ma hei géif ee scho virsiichteg agéieren, esou den Direkter vun der Bëschverwaltung.

Eng Reduktioun vun der Holz-Recolte ass virgesinn a gëtt schonn zum Deel ëmgesat. An ëffentleche Bëscher zum Beispill ginn do, wou all Joer 200.000 Kubikmeter Holz nowuessen am Lafholz, gi normalerweis 120.000 Kubikmeter erageholl. Déi lescht 3 Joer si mer souguer op 65.000 Kubikmeter erof."

Hei gëtt och den Habitat fir d'Wëlldéieren ëmmer méi kleng. D'Hallschent vun den Habitater wieren an engem schlechten Zoustand – besonnesch awer am Oppeland, mee och am Waasser. Hei spillt virun allem d'Pollutioun mat. Och d'Landwirtschaft spillt hei eng bedeitend Roll, seet d'Elisabeth Kirsch vum Ëmweltministère.

Vill Liewensraim si staark vun der Landwirtschaft betraff. Zum Beispill knapp 40% vun de Liewensraim, iwwer 2/3 vun den Déierenaarten a bal 1/3 vun de Vullenaarten. Facteuren ewéi d'Urbanisatioun dierfen an dësem Kontext awer och net vernoléissegt ginn."

Iwwert déi lescht Jore wieren eng 8.000 Mesuren ëmgesat ginn, fir d'Aartestierwen zu Lëtzebuerg ze bremsen. 39% dovunner an Natura-2000-Gebidder.

Am Beräich vun der Offall-Gestioun, wou 2019 eng Rëtsch Workshoppe mam Public organiséiert goufen, géif grad aktiv un neie Projete geschafft ginn, esou nach d'Annoncement vun der Ministesch Carole Dieschbourg en Donneschdeg de Moie bei der Introduktioun vum éischten Ëmweltdag.

Do gouf ënner anerem och d'Informatiounsbroschür "Mäin éischt null-Offall Buch" presentéiert. E Bichelche fir Kanner mat flotte Biller an Iddien, wéi ee manner Offall usammelt an de Rescht ofbaut.

Back to Top
CIM LOGO