Télévie 2025De Kampf géint de Kriibs geet virun!

RTL Lëtzebuerg
Um Freidegowend gouf an der RTL City d’Editioun 2025 vum Télévie lancéiert.
Télévie 2025
Och dëst Joer wëll een nees probéieren, souvill wéi méiglech Sue fir d’Lutte géint de Kriibs ze sammelen.

Och dëst Joer wëll ee mat Honnerten u Benevollen an Associatiounen nees probéieren, souvill wéi méiglech Sue fir d’Lutte géint de Kriibs ze sammelen.

E Projet fir den Télévie 2025
D’Lynn Kunnart moolt am Stil vum ‘Pop Art’ a fir den Télévie huet d’Kënschtlerin elo eng Rëtsch Promien op der Toile veréiwegt.

Véier Gemenge wäerten do dëst Joer als Centre de Promesse am Mëttelpunkt stoen. Dat sinn Dippech, Käerch, Schengen a Rodange. Vun dëser Editioun u wäert och d’Supermarchéschaîne Cactus en offizielle Partner vum Télévie sinn an zesumme mat hire Clientë Sue sammelen.

Nei dëst Joer ass och den “Charity Bike” mat deem de “Kiwanis Hesper Roude Léif”, zesumme mat prominenter Ënnerstëtzung, vu Centre de Promesse zu Centre de Promesse pedalléiert a parallel de Compteur vum Télévie weider eropschrauft. Dësen Tour fänkt den 21. Abrëll 2025 un.

Télévie 2025
Nei dëst Joer ass de sougenannten “Charity Bike”.

Back to Top
CIM LOGO