Chamberkommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten De Lycée Michel Lucius plënnert fréistens am September 2030 op de Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
Deen Datum ass an der Chamberkommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte genannt ginn.

Geplangt war eigentlech, datt déi éischt Schüler 2028 kéinten an dat neit Gebai am neie Wunnquartier um Kuebebierg plënneren. Am neie Gebai soll Plaz si fir 1.800 Schüler.

Am aktuelle Gebai um Lampertsbierg si ronn 1.600 Schüler. Wat mam ale Site soll geschéien, wann dat neit Gebai bis steet, ass nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO