
Dës RTL-Informatioun huet eis de 56 Joer ale Politiker e Méindeg den Owend confirméiert.
Wéi et vum Hesper Gemengepapp geheescht huet, géif des Auszäit “absolut näischt” um Dagesgeschäft an der Zentrumsgemeng änneren, politesch Charge géifen keng iwwerdroe ginn.
Den CSV-DP-Schäfferot assuméiert weider seng politesch Aufgaben, sou datt kee Vakuum entsteet. Och den Inneminister gouf iwwert dem Marc Lies seng Decisioun informéiert. Et wier eng reng perséinlech Entscheedung, déi drop baséiere géif, datt sech de Politiker wëll no enger Zäit vun extremem Stress eng Paus ginn. Och säi Chambermandat léisst de Marc Lies wärend den nächsten zwee Méint rouen. Aktuell ass den CSV-Politiker President vun der Chamberkommissioun fir “Affaires intérieures”.
Schonn den nächsten Hesper Gemengerot soll de Marc Lies nees selwer leeden.
Zu Hesper huet CSV-DP-Majoritéit 12 vun 17 Sëtz.