Union des Entreprises LuxembourgeoisesDe Marc Wagener gëtt neien Direkter

RTL Lëtzebuerg
De Marc Wagener wäert d'Nofolleg vum Jean-Paul Olinger untrieden, dee jo neien Direkter vun der Steierverwaltung gëtt.
© UEL

Dat deelt d’UEL an engem Schreiwes op hirem Internetsite mat.

De Marc Wagener war zanter 2009 bei der Chambre de Commerce, wou hien aktuell COO, also Chief Operating Officer ass.

D’UEL ass d’Haaptvertriedung vum Patronat hei am Land. President ass aktuell de Michel Reckinger.

Back to Top
CIM LOGO