Dowéinst wier et dem Mouvement écologique no wichteg, Felder a Wisen nees méi ausgeglach ze bewirtschaften. Manner düngen a méien, heescht d'Devise. Och Biotopen ewéi Fiichtgebidder spillen am Ökosystem eng wichteg Roll. Därer bräicht et och nees méi.
Dem MouvEco no wär et fir d'Zukunft vun der Biodiversitéit wichteg, beim nächste Landwirtschaftsdësch de Fokus nach méi op dëse Punkt ze leeën.