An dësem Regëster sinn Informatiounen iwwer Entreprisen ze fannen, ënner anerem wien de Proprietär ass. Am Fall wou d’Sécherheet vu Leit awer doduerch a Gefor ass, kënnen Ausnamen doranner gemaach ginn, wien déi Informatiounen ofruffe kann.
No enger Gesetzesännerung war dat beim CEO vu Luxaviation Patrick Hansen net méi de Fall. Dësen hat dowéinst viru Geriicht geklot. De Riichter hei am Land war der Meenung, d’Gesetz wier net präzis genuch an huet de Fall un den Europäesche Geriichtshaff weiderginn. Mat de bekannte Suitten. Enn Zejoert ass den Zougang fir de “Registre des bénéficiaires effectif"», deen och Journaliste fir hier Recherchen notzen, gespaart ginn. Et gouf also keen ëffentlechen Zougang méi op déi Donnéeën.
Am Kader vun dëser Affär hat “den Organized Crime and Corruption Reporting Project” eng Recherche iwwert de Patrick Hansen initiéiert. Participéiert hz 15 Mediepartner aus sechs Länner, dorënner och Reporter.lu. “Eis goung et an der Recherche ëm Transparenz”, seet de Reporter Laurent Schmit, dee mam Luc Carigari zesummen den Artikel geschriwwen huet. Eng Transparenz, déi mam Späre vum Regëster fir d’Ëffentlechkeet net méi ginn ass.
Bei der gemeinsamer Recherche vu Reporter an anere Journaliste koum eraus, dass Luxaviation, de weltwäit zweetgréissten Ubidder vu Privat- a Geschäftsflich Ugangs den 2000er mat Sue vu russeschen Oligarchen enorm expandéiere konnt. Riets geet vun 150 Milliounen Euro aus Russland. Relatioune mat russesche Geschäftsleit, déi bis an d’Kreesser vum President Wladimir Putin reechen. De Patrick Hansen, Brudder vum Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen, verdeedegt sech, andeems hie seet, dass een d’Geschäfter, déi deemools gemaach goufen, net kéinten an de Kontext vun haut, mam Krich an der Ukrain setzen. Hien hätt all déi international Sanktioune géint Russland respektéiert.
D’Strukture vun op d’mannst e puer vun den iwwer 110 Entreprisen, déi iwwert den Numm vum Patrick Hansen lafen, wiere verschachtelt. Et misst ee sech froen, wat de Grond fir esou eng komplex Struktur vun der Entreprise wier, sot en Expert an der Geldwäsch mat deem d’Journaliste vu Reporter geschwat hunn. “D’Sue wieren awer net mat der Wallis op Lëtzebuerg komm”, sou de Patrick Hansen. Se kéimen zwar aus Firmen op der ganzer Welt, och Russland, mä ëmmer duerch europäesch Banken. Iwwer Legalitéit oder Illegalitéit kéint hien net urteelen, seet de Laurent Schmit. D’Transparenz wier elo mol den éischte Schratt. Duerno kéinten zum Beispill d’Geschäftspartner decidéieren, ob se wëlle mat där Entreprise Geschäfter maachen oder net.
Dass de “Registre des bénéficaires effectifs” net méi fir d’Journalisten an ONGen accessibel soll sinn, hätt hien net mat senger Plainte wéilte bezwecken, betount de Patrick Hansen. Dëse wier wichteg fir d’Transparenz. Ganz gleewe kann de Laurent Schmit dat awer net. Hien ass der Meenung, dass de Geschäftsmann seng ganz Karriär vun ontransparente Geschäfter profitéiert hätt. De Patrick Hansen wier e gutt Beispill, wisou sou en Transparenzregëster sou wichteg wier.
Haut hunn d’Journalisten an d’ONGen hei am Land zwar nees Zougang zum Regëster. Ma en ass nach net, wéi virum Urteelssproch vum Europäescher Geriichtshaff, fir déi breet Ëffentlechkeet op. Och a villen anere Länner vun der europäescher Unioun bleift dat de Fall.