De Lëtzebuerger Pensiounsfong geréiert insgesamt 26 Milliarden Euro an investéiert a 6.000 Entreprisen. Ma a wéi eng Entreprisë kann a soll een investéieren, fir mat ethesche Krittären a Punkto Ëmweltschutz, Mënscherechter oder Aarbechtsrechter konform ze sinn? Am Mëttelpunkt vun der Debatt an der Chamber stoung ënner anerem d’Fro, ob Entreprisen, zum Beispill souer, déi am Beräich vu fossillen- oder oder atomaren Energië schaffen, solle fir Investissementer ausgeschloss ginn.
D’Kontrovers ëm d’Investissementer vum Pensiounsfong war jo wéinst Investissementer an d’Atomenergie entstanen. Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch mengt, et géing e grousse Konsens ginn, dass een net méi wéilt vun Atomenergie ofhänken. Dofir wier et gutt Firmen déi Atomkraaft produzéieren vun Investissementer vum Lëtzebuerger Pensiounsfong auszeschléissen.
Et géing elo schonn eng Lëscht mat esou Entreprisen a mat deenen, déi ënner Beobachtung stinn, ginn. Mä et wier net schwaarz oder wäiss. Et misst een den Entreprisen och hëllefen, eng energeetesch Transitioun hinzekréien, mengt den LSAP-Minister vun der Securité Sociale Claude Haagen. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz ass do mam Minister op enger Linn. Hie weist drop hin, dass Firme wéi Boeing zum Beispill Fligere fir an d’Vakanz ze fléie bauen, mä och Militärfligeren. Oder Total Energies, déi och e groussen Investisseur an den alternativen Energië wieren. Hie wier och kee Frënd vun der Atomenergie, mä deen een oder anere Meiler misst nach lafen, wann een net d’Kuelekraaftwierker nees wéilt eropfueren. De Piraten-Deputéierte Sven Clement seet et soll een ophalen ze gleewen, datt Firme wéi Shell, Total oder BP wäerte bei der Bekämpfung vum Klimawandel hëllefen.
Dass den Ausstig aus Investissementer a fossillen Energië méiglech, an net per Gesetz aus Grënn vun der Diversifizéierung verbueden ass, hunn déi Gréng mat engem Avis juridique zum Sujet ënnerstrach. Dësen ass zu der Conclusioun koum, dass dofir keng Ännerung vum Gesetz néideg wier. Zu der Rentabilitéit vun anerwäertegen Investissementer huet de Gréngen Deputéierte Charel Margue gemengt, et géinge genuch Referenzindexe mat enger Performance um selwechten Niveau ginn.
Iwwerdeems hunn déi Deputéiert kritiséiert, dass d’Zil vun engem Investissement vu 5 Prozent an Immobilien net erreecht ginn ass. Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch huet erkläert, dass wann een an de Marché mat ageklomme wier, een d’Präisspiral weider mat ugedriwwen hätt, an domat och d’Loyerspräisser. Elo wier u sech de richtegen Ament fir de Fong ze encouragéieren, verstäerkt an den abordabele Wunnengsmaart ze investéieren.