
Nieft sengem fräiwëllegen Engagement am Beräich vun de Mutualitéite war de Pierre Back och Éierepresident vun der nationaler Box-Federatioun. Hien ass donieft den Auteur vum Buch “La Boxe au Grand-Duché de Luxembourg”, dat 1997 erauskoum.
2023 krut de Pierre Back vum aktuellen Aleba-President Roberto Mendolia d’Médaille de l’Ordre de la Couronne de Chêne iwwerreecht fir 25 Joer gewerkschaftlechen Engagement.