Explikatioune vum Michèle SinnerDe Point vum éischte Budget vun der CSV-DP-Koalitioun

RTL Lëtzebuerg
D’CSV-Deputéiert Diane Adehm stellt en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber hire Rapport iwwert de Budget fir dat lafend Joer vir.
© Andy Brücker

Domadder ginn d’Debatte lancéiert, ier en Donneschdeg ofgestëmmt gëtt. D’Michèle Sinner aus der RTL-Noriichteredaktioun mécht mam François Aulner zesummen de Point iwwert dësen éischte Budget vun der CSV-DP-Koalitioun.

Budgetsrapport 2024 - Erklärunge vum Michèle Sinner

François Aulner: Michèle, dee Budgetsprojet gouf jo scho vill diskutéiert a kommentéiert. Jidderee schéngt d’Accord, fir ze soen, et wier en Iwwergangsbudget.

Michèle Sinner: Jo, ma d’Regierungsparteien, virun allem d’CSV, leeë Wäert drop ze soen, si géifen awer schonn eege politesch Akzenter setzen, nämlech wat d’Stäerkung vun der Kafkraaft ugeet, de Logement an och fir déi responsabel Budgetspolitik, also fir den Defizit an de Grëff ze kréien.

François Aulner: Domat ass awer net jiddereen d’accord.

Michèle Sinner: Nee, d’politesch Oppositioun an der Chamber souwisou net. Mä aner Institutiounen zweiwelen dat och e bëssen un. Ma maache mer vläicht als éischt emol de Rappell vun den Eckzuelen, déi hunn ech aus dem Stabilitéitsprogramm, do huet een nämlech e gudden Iwwerbléck. An deemno gëtt am Budget fir de Gesamtstaat, mat Gemengen a Sécu op Recettë vun 39,3 Milliarden Euro tabléiert an Depensë vu 40,3 Milliarden Euro. Dat geet also net op an ënnert dem Stréch steet en Defizit vun 987 Milliounen Euro vum Gesamtstaat, respektiv 1,2 Prozent vum PIB.

François Aulner:Geet deen Defizit dann op der neier Regierung hir Kap?

Michèle Sinner: E gudde Batz dovun huet se geierft, well dëst Joer schloen ëmmer nach d’Krisemesuren an d’Geld, vun de Solidaritéitspäck an dem Energiedësch, déi virum Koalitiounswiessel decidéiert goufen. Déi hunn d’lescht Joer 1,2 Milliarden Euro kascht. An dëst Joer sinn et der iwwer 1,3. Een décke Posten ass d’Adaptatioun vum Steierbarême un d’Inflatioun, déi 480 Milliounen Euro kascht. An déi gouf zum groussen Deel och vun der viregter Regierung decidéiert, och wann d’CSV sech dës Mesure fir d’Kafkraaft elo gäre selwer ganz op de Fändel schreift.

An da sinn och d’Käschte vum leschte Gehälteraccord beim Staat en décke Pak, d’Ausgabe fir d’Gehälter beim Staat klammen ëm 652 Milliounen op iwwer 7 Milliarden Euro.

François Aulner:Wéi vill kaschten der Regierung hir Logementsmesuren dann?

Michèle Sinner: Duerch déi steierlech Mesurë wäerten dëst Joer wuel 55 Milliounen Euro Steiere manner erakommen, haaptsächlech duerch de bëllegen Akt. An da ginn och 480 Millioune fir den Akaf vu Vefaen (vente en l’état futur d’achèvement) versprach, also fir nei Logementer, déi vu private Promoteure gebaut ginn, mä “Achtung, Achtung”, dat ass fir véier Joer, net alles fir 2024.
© Andy Bruecker [RTL Lëtzebuerg]

François Aulner: Firwat schwätzt de Finanzminister da vu Spueren an dovun, datt elo eng responsabel Finanzpolitik gemaach gëtt?

Michèle Sinner: Ma dofir vergläicht d’CSV hire Budget mat de Previsioune vum leschten Hierscht, déi fir d’Koalitiounsverhandlunge gemaach goufen. An do war e méi décken Defizit virgesinn.

François Aulner: Wéi dat, wat huet da lo geännert?

Michèle Sinner: Ma menger Meenung no virun allem d’Estimatioun vun de Recetten. Dat heescht, fir dëse Budget geet een dovun aus, datt 1,5 Milliarden Euro méi erakommen, wéi nach am Hierscht geschat gouf.

Déi vill Recetten hält awer ënnert anerem d’Zentralbank an hirem Avis fir optimistesch, justement well jo wéinst der Adaptatioun vum Steierbarême - ech hat et scho gesot - elo mol 480 Milliounen Euro manner erakommen. Bei den Depensen ännert sech awer net ganz vill am Verglach mam leschten Hierscht. Dofir war d’Budgetsrapporterin Diane Adehm jo och e bëssen an de Laberenten, wéi s du se d’lescht Woch gefrot hues, wou dann elo géing gespuert ginn.

Diane Adehm (Invité vun der Redaktioun 18/04/2024):“Dat heescht, wann ee seet Spueren, Spueren ass vläicht de falsche Begrëff. Mir gi manner Sue méi aus, an dat kléngt lo vläicht e bësse komplizéiert. Eis Depensë wuessen, mee si wuesse manner séier wéi se an der Vergaangenheet gewuess sinn.”

François Aulner:De Rechnungshaff, d’Cour des comptes notamment freet sech: ‘a wou gesäit een dat dann, dat kléngt wéi e Coup de baguette magique.’”

Diane Adehm: “Dat ass an deem Sënn net direkt e Coup de baguette magique, dat ass eben einfach eng Saach, wéi een d’Saache presentéiert. An hei ass et esou, dass d’Depensë manner séier wuessen, wéi se an der Vergaangenheet gewuess sinn.”Michèle Sinner: Tjo, also een Deel vun der Zauberformel ass um Ënn warscheinlech den Douzième provisoire.


F
rançois Aulner:Firwat?

Michèle Sinner: Majo, normalerweis gëtt de Budget fir en neit Joer jo um Enn vum ale Joer gestëmmt. Mä wéinst de Wale war dat elo net esou. Dat heescht, bis elo fuere mer mat de sougenannte provisoreschen Zwieleftel. Dat heescht, am Prinzip däerf ee pro Mount 1/12 vum Budget vum Joer virdrun ausginn. An dat hate mer bei de viregte Regierungswiessel geléiert, dat ass eng automatesch Brems vun den Depensen. Déi klammen déi Méint vu Januar bis Abrëll net wierklech, mä dat ass natierlech keng proaktiv Politik, mat där ee sech gäre bretzt.
Back to Top
CIM LOGO