Dëse Constat gouf wärend dem Summerseminär, organiséiert vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, gemaach. Am Fokus vun den Diskussioune stoung dann och de Projet de Loi fir dat neit Jugendstrofrecht.
Et war en Austausch tëscht Acteuren aus ënnerschiddleche Beräicher vu Pedagogie bis Justiz. Wann et ëm Mineuren a Strofrecht geet, misst e Gläichgewiicht tëscht Erzéiung a Repressioun fonnt ginn. D’Meenung vum Ombudsman fir Kanner- a Jugendlecher Charel Schmit iwwert de Projet de Loi huet vill Uklang fonnt:“Mer hu festgestallt, datt et e grousse Fortschrëtt ass, d’Aféiere vun engem Jugendstrofrecht. Datt et natierlech nach Punkte ginn, déi ze verbessere sinn. Och, datt ee muss oppassen, datt et net ze repressiv ass an datt den Erzéiungsgedanke voll zu droe kënnt. Mä datt et awer ganz vill positiv Punkte ginn.”
D’Jugendkriminalitéit kéint net banaliséiert ginn, mä och net direkt dramatiséiert. De Professer fir Strofrecht op der Uni-Lëtzebuerg Stefan Braum rifft am Bezuch op de Projet de Loi nach zur Virsiicht op: “Es gibt mehrere Bedenken, was die Durchführung des Gesetzes selber anbelangt. Es gibt einen grossen Teil der sich der sogenannten Diversion zuwendet. Das ist also die Möglichkeit, das Verfahren zwischen polizeilicher Ermittlung und Hauptverhandlung abzukürzen, abzubrechen. Normalerweise, in anderen Ländern, ist es so dass es weiterergeet, ohne dass irgend eine Massnahme ergriffen wird. In Luxemburg ist es in dem Entwurf vorgesehen, dass immer irgend eine Art von Intervention zu erfolgen hat.”
Net bei all klenge Virfall wieren direkt juristesch Konsequenzen ubruecht, sou nach de Stefan Braum. Et wier awer net d’Aarbecht vun der Police, Pedagog ze spillen, seet den Daniel Kigger Jugendschutzbeamte bei der Police. An awer: “Natierlech hu mer e bëssi méi eng komplex Roll, wéi just d’Feststelle vu Strofdoten. Ech sinn der Meenung, mer hunn och eng Sensibiliséierungsroll. Dat heescht mir probéieren de Mineur och a Gespréicher ze sensibiliséieren an ëm ze erklären, wat mir vun em wëllen, respektiv wat d’Gesellschaft vun em wëllt.”
Generell soll een oppassen, datt net iwwerpädagogiséiert gëtt, seet de Stefan Braum. “Der Erziehungsgedanke ist ein sehr vaguer Gedanke, der so ein bisschen alles umfasst. Deswegen ist es vor allem wichtig, jetzt im Jugendstrafverfahren den Jugendlichen und seine Rechte zu schützen. Und seine Rechte zu schützen heisst gegebenenfalls auch ihn gegenüber zu viel pädagogischen Massnahmen zu schützen.”
E weidere Problem vum Projet de Loi wier dann, datt d’Jugendgeriichtshëllef Scas ëmmer nach un de Parquet ugegliddert wier. Domat kéint ee seng Onofhängegkeet a Fro stellen.