
De Recours vum Mouvement Ecologique gouf zwar an zweeter Instanz definitiv rejetéiert, ma dat huet awer 3 Joer gedauert bis Google eng Rechtssécherheet konnt kréien, dass op deem Terrain effektiv dierf gebaut ginn. Virun allem an der Data-Economie - enger Welt, déi besonnesch séier dréint - sinn 3 Joer eng laang Zäit, esou de Franz Fayot.
Antëscht hätt Google am Ausland schonn aner Projeten ugekënnegt an zum Deel och ëmgesat. Als Beispill huet de Minister d’Wallonie ernimmt.
Mam Projet an eiser Nopeschregioun kéint et de Fall sinn, dass Google eng “strategesch Nei-Ausriichtung” envisagéiert. De Wirtschaftsminister huet awer betount, dass een an den Diskussioune mat Google bis ewell net eraushéieren hätt, dass de Projet zu Lëtzebuerg näischt méi géing ginn. Mä de Ball läit elo ebe bei der US-amerikanescher Tech-Firma, déi Bau-Pläng virleeë muss. Op Nofro hin huet de Franz Fayot dem Laurent Mosar nach geäntwert, dass den Echange mat Google elo géing opgeholl ginn, fir séier op eng Conclusioun ze kommen.
Sollt Google net méi wëllen en Datacenter zu Biissen opmaachen, huet de Staat de Virkafsrecht op den Terrain, an dat zum Akafspräis. Et wier wichteg, dass deen Terrain net laang brooch läit. De Franz Fayot huet sech awer zouversiichtlech gewisen, dass et net wäert dozou kommen. Et wëll ee weider um Projet schaffen an d’Regierung stéing och nach “zu 100% hannert deem Projet”, huet de Wirtschaftsminister betount.
D’Ëmweltorganisatioun betount weider am Dossier aktiv ze bleiwen. De Franz Fayot sot jo e Mëttwoch an der Chamber et kéint sinn, datt den amerikaneschen Technologiekonzern eng “strategesch Neiausriichtung” envisagéiert well Google antëscht en Datazenter an der Wallonie plangt. De Mouvement betount et géif ee sech weiderhi kategoresch dogéint wieren, datt sech eng Firma hei am Land néierléisst, déi 5-10% vum nationale Waasserverbrauch duerstellt. Och d’Energieversuergung géif am Kontext vum Krich an der Ukrain weider en Thema bleiwen. Grad wéi beim Waasser hätt Google och beim Stroum nach keng Date virgeluecht. De Mouvement bedauert, datt de sougenannte Nohaltegkeetscheck nach ëmmer net virläit, obwuel dee vun der Regierung versprach ginn ass.
Wéinst der Klima- an Biodiversitéitskris géif awer kee Wee laanscht eng selektiv Politik goen, wéi eng Betriber sech zu Lëtzebuerg néierloosse kënnen a wéi eng net.