
Een Dag nom Hommage un de Wormer Député-Maire Max Hengel gëtt en Donneschdeg am Nomëtteg de jonke Conseiller als neien CSV-Deputéierten um Krautmaart vereedegt.
Am RTL-Interview sot den 31 Joer jonke Volleksvertrieder, et géif sech nach ëmmer net richteg ufillen, fir de verstuerwene Max Hengel nozeréckelen.
“Et ass virun allem e Frënd gewiescht, deen net méi do ass, an deen och villes an der Politik wollt maachen. An natierlech ass et net ëmmer einfach, sech selwer ze soen, hei, du réckels lo fir de Max no. Dat fält engem schwéier. An natierlech wäert ech elo dat Bescht draus maachen, well d’Liewen ass eben esou. Et mécht een dat Bescht draus. Et probéiert een dat Bescht draus ze maachen. Awer natierlech ass dat ëmmer e Gedanken, deen do ass.”
De Ricardo Marques ass no Felix a Liz Braz eréischt dee drëtten Deputéierten, deen portugisesch Originnen huet.
An der Chamber wëll sech de neien Deputéierten an de Reie vun der CSV absënns an de Beräicher vun der mentaler Gesondheet an der Famill abréngen.
De Max Hengel war iwwerdeem och President vun der Santés-Chamberkommissioun - eng Kommissioun., an där och de Ricardo Marques wäert aktiv ginn.
E Portrait vum neien Deputéierten diffuséiere mer en Donneschdeg den Owend op RTL Telé Lëtzebuerg.