Serie Nuetsschicht (3)De Romain Haas schéckt an der Nuecht Hëllef dohin, wou se gebraucht gëtt

Rosa Clemente
Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen oder esouguer fest schlofen.
De Romain Haas schéckt Hëllef dohin, wou se gebraucht gëtt
Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen oder esouguer fest schlofen.

Am Kader vun eiser Serie "Nuetsschicht" stelle mir Iech all Woch Portraite vu Mënsche vir, déi reegelméisseg op hirer Aarbecht Nuetsschichte maachen. Leit, ouni déi d'Beruffswelt hei am Land net funktionéiere géif.

De Romain Haas (39) ass zanter méi wéi 23 Joer als fräiwëllege Pompjee aktiv. Donieft ass hien och de Chef de Centre vum Centre d’incendie et de secours (CIS) Käerjeng-Péiteng.

Ma haaptberufflech schafft de Romain als Operateur an der 112-Zentral. Do hëlt hie reegelméisseg Appeller vu Leit entgéint, déi sech a Noutfäll-Situatioune befannen. D'Zentral ass 24 op 24 Stonnen, 7 op 7 Deeg besat. Ma dem Romain seng Ekipp schafft esouwuel am Dag wéi an der Nuecht. An eppes ass sécher, wann déi meeschte Leit bis Feierowend hunn, ännert sech d'Aarbecht an der Zentral.

Serie Nuetsschicht (1) - Den Eric Phely mécht zanter 32 Joren Nuechten am CHL
Serie Nuetsschicht (2) - De Léon Jentgen schafft am Nuets-Foyer "Espoir" vun der Caritas

Back to Top
CIM LOGO